[Reportage] Wéinst Corona-Kris: Soll ee bei annuléierte Volle Suen zréckkréien? 12 EU-Memberstaate soen “Nee”

Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, a gouf den 3. Mee iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei. Soll ee seng Sue kënnen zréckkréien, wann am Kader vum Coronavirus ee Vol annuléiert gouf? 12 EU-Memberstaate soe sech an enger gemeinsamer Deklaratioun dogéint, dass d’Fluchgesellschaften de Leit hier Sue sollen zréckginn. Ënnert […]

[Tëscheruff] D’Meenungsfräiheet am Internet verdeedegen

Dësen Tëscheruff gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 3. Mee iwwerdroen. De Beitrag fënnt een och hei. Verschwörungstheorien, Falschnoriichten, Haasskommentarer: Den Internet ass voll mat zweiwelhaftem an eekelhaftem Material. Jiddereen dee Facebook oder Twitter benotzt ass et antëscht gewinnt, an dës Plattformen di sech och schwéier drun, fir de Problem am Grëff […]

[Reportage] Medizinescht Material kritt vun der EU keen Zoll méi oberluecht

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 2. Mee iwwerdroe ginn. D’Europäesch Kommissioun huet Importsteieren op medizineschem Material wat ausserhalb vun der EU kënnt opgehuewen. Domat soll deene Länner gehollef ginn déi momentan Schwieregkeeten hunn fir un dës Produkter ze kommen.  Innerhalb vum Marché interieur gouf d’TVA opgehuewen, an eben och […]

[Reportage] Wat kann d’EU géint de Chômage maachen?

Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, a gouf  de 26. Abrëll iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei. Fir dass duerch de Coronavirus d’Chômage-Zuelen net ze vill erop ginn, versicht d’Europäesch Unioun mat Hëllefspäck d’Memberlänner z’ënnerstëtzen. Dobäi geet et virun allem drëms, fir Aarbechtsplazen ze garantéieren. Mir géifen aus enger […]

[Reportage] Reaktioune vun EU-Deputéierten op EU-Conseil

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 24. Abrëll iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei. Den Europäesche Conseil ass en Donneschdeg als Videokonferenz zesummekomm. Eis Lëtzebuerger Europadeputéiert soe sech positiv iwwerrascht vum Resultat. “Dëse Progrès wier virun e puer Wochen nach onméiglech gewiescht.” Dat sot den Italienesche Premierminister Guiseppe […]

Quoted in the Financial Times

I was quoted in the Financial Times on the issue of mass surveillance. You can read the full article here. “Privacy advocates aim to spot potential transgressions. “If tracking of individual movement is on the table, then that is unlikely to be in line with existing privacy laws, even in a crisis,” says Bill Wirtz, […]

[Reportage] Corona-Bonds: Lëtzebuergesch EU-Deputéiert si sech net eens

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 18. Abrëll iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei. Dat déi Gréng net mat der CSV an der DP averstane sinn, huet d’Tilly Metz kloer an de soziale Medie gewisen. An der Diskussioun zu de sougenannten Corona-Bonds ass et zu Desaccorde tëscht […]

[Reportage] Marc Angel: Net op chinesesch Propaganda erafalen

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 17. Abrëll iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag kann een och hei nolauschteren. An de leschte Wochen a Méint huet China ville Länner Hëllef am Kampf géint de Coronavirus ugebueden. D’Land steet awer och an der Kritik, dass se déi Hëllef politiséiert an doduerch Afloss […]