[Reportage] Wat kann d’EU géint de Chômage maachen?

Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, a gouf  de 26. Abrëll iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Fir dass duerch de Coronavirus d’Chômage-Zuelen net ze vill erop ginn, versicht d’Europäesch Unioun mat Hëllefspäck d’Memberlänner z’ënnerstëtzen.

Dobäi geet et virun allem drëms, fir Aarbechtsplazen ze garantéieren. Mir géifen aus enger gudder Situatioun eraus kommen, seet déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Monica Semedo. Iwwer déi lescht Jore wieren eng 14 Milliounen Aarbechtsplaze geschaf ginn an de Chômage vun deene Jonke wier erof gaangen. Mam Coronavirus stinn déi Avancë virun engem Fragezeichen. D’EU géing genee där Onsécherheet entgéint wierke mat engem rezenten Hëllefspak vu 500 Milliounen Euro.

D’DP-Politikerin seet och dass de Schengen-Accord nees misst op d’Bee kommen: d’Grenze missten direkt nees opgemaach ginn, fir zesummen de Problem unzepaken.

D’Monica Semedo erwaart sech och méi Courage vun den EU-Memberstaate beim Budget. Programmer wéi den Europäesche Sozialfong+ wieren dofir néideg.

Beim Conseil vun en Donneschdeg haten d’EU-Memberlänner sech just ee Kader fir deen nächste Budget pluriannuell ginn. De President Charles Michel schwätzt vu Kompromësser, déi misste gemaach ginn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s