[Tëscheruff] D’Meenungsfräiheet am Internet verdeedegen

Dësen Tëscheruff gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 3. Mee iwwerdroen. De Beitrag fënnt een och hei.

Verschwörungstheorien, Falschnoriichten, Haasskommentarer: Den Internet ass voll mat zweiwelhaftem an eekelhaftem Material. Jiddereen dee Facebook oder Twitter benotzt ass et antëscht gewinnt, an dës Plattformen di sech och schwéier drun, fir de Problem am Grëff ze behalen. Reegelméisseg muss sech de Parquet mat Facebook-Kommentarer ausernee setzen, wou d’Affekoten interpretéieren, wat dann elo gemengt war oder wat net.

D’Europäesch Unioun wëll dem Problem mam “Digital Services Act”, also mam Gesetz zu Online-Servicer, entgéint wierken. D’Iddi ass, fir Facebook an Twitter responsabel ze maache fir de Contenu, dee bei hinnen op der Säit steet. Am Grondsaz heescht dat, dass sozial Medie just da Contenu kënnen zouloossen, wann en och ganz kloer net illegal ass.

Un der Iwwerleeung ass grondsätzlech näischt falsch, mä wéi legal Experte warnen, kreéiert dat ee ganz neie Problem. Facebook oder Twitter hunn esou vill Contenu, dass et just méiglech ass fir d’Legalitéit ze iwwerpréiwen, wann de Contrôle automatiséiert gëtt. Dat ass de sougenannte “Upload-Filter”. Esou Filteren si net ausgeräift, verstinn net de Kontext vun deem wat geschriwwe gëtt, a verstinn den Ënnerscheed tëscht Parodie, Sarkasmus, Witz an der Realitéit net.

Et ass net legitim fir Facebook a co. zum ultimmen Arbitter vun eiser Meenungsfräiheet ze deklaréieren, andeems mir si finanziell responsabel maache fir Leit, déi sech donieft behuelen. Dat wier wéi wann zwou Persoune sech um Telefon Grujelegkeeten erzielen, an d’Post misst dofir eng Strof bezuelen.

De System vum Geriicht ass villäicht net schnell oder effikass, mä en ass fair an huet Zäit fir Nuancen. Wann Zensur soll stattfannen, da léiwer um Geriicht wéi iwwert ee Computer. Et ass wichteg dass d’Europaparlament dëst Joer der EU-Kommissioun genau dat kloer mécht.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s