Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 1. Mee iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Den Tourismus an Europa leit ënnert der Corona-Kris, dat schéngt inevitabel.
Déi gréng Parteien am Europaparlament zu Bréissel soen awer och, dass mir nom Coronavirus net erëm einfach esou kënne virufuere wéi virdrun.
Mat méi wéi 10% vum PIB a 6,4 Milliounen Aarbechtsplazen, déi a Gefor sinn, steet de Secteur virun engem wierkleche Problem. Europa ass Destinatioun Nummer 1 fir Touristen op der ganzer Welt. Fir d’Tilly Metz ass et wichteg ze wëssen, dass nach vill méi grouss Problemer op d’Tourismus-Branche duerkommen, dorënner Naturkatastrophen, déi duerch de Klimawandel ausgeléist géifen.
All Joer géing den Tourismus méi Emissioune produzéieren: De Secteur dierft sech also net selwer an d’Bee schéissen, esou déi gréng Politikerin.
Et wier kloer, datt der Branche muss wärend der Corona-Kris gehollef ginn. Dës Hëllef misst awer och mat Konditioune kommen. D’Kommissioun géif an déi richteg Richtung goen, fir Hëllefen konditionell un de European Green Deal ze strécken.
Et géif net drëms goen, fir den Tourismus ze verdamen. En Deel vum Ëmweltschutz wier justement well mer déi schéi Landschafte wëlle behalen, déi mir esou gär besiche ginn. D’Tilly Metz argumentéiert méi fir méi lokalen Tourismus. Et wier zum Beispill och wichteg dass d’Staaten an Europa méi géinge maachen, fir Zuchreesen als attraktiv Alternativ ze presentéieren, dorënner och mat besseren Ticketspräisser, esou nach d’Tilly Metz.