[Reportage] Marc Angel: Net op chinesesch Propaganda erafalen

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 17. Abrëll iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag kann een och hei nolauschteren.

An de leschte Wochen a Méint huet China ville Länner Hëllef am Kampf géint de Coronavirus ugebueden.

D’Land steet awer och an der Kritik, dass se déi Hëllef politiséiert an doduerch Afloss wëll ausüben. Fir d’Europäesch Unioun ass et eng Kris vun der Confiance.

An enger Rëtsch Gemengen an Italien remplacéiere Buergermeeschteren den EU-Fändel mat deem vu China. D’Perceptioun sur place ass, dass Peking den Italiener méi zu Hëllef komm ass wéi d’Europäesch Unioun. De Lëtzebuerger Europadeputéierten Marc Angel seet, dass et wichteg ass, d’Fakten ze kennen. Däitschland a Frankräich hätten Italien am Ufank vun der Kris scho méi gehollef wéi China.

Dass Buergermeeschtere géifen d’Fändele remplacéieren, wier lokale Populismus géint d’Europäesch Unioun. Den LSAP-Politiker seet, dass d’EU an der Kris déi eenzeg Äntwert wier. Et géif een awer och effektiv mierken, dass net all EU-Prinzip genuch op stabille Féiss géinge stoen. De Schengen-Accord bréicht Verbesserungen, fir dass d’Zoumaache vun de Grenzen, wéi et aktuell geschitt, net méi widderholl géif ginn.

Dem Marc Angel no ass et wichteg, ze weisen, dass EU-Solidaritéit funktionéiert. Do wier et wichteg, dass d’Versteesdemech tëschen de Länner bestoe bleift. Wann d’Memberstaaten zesummenhalen, just da kann ee Krise bewältegen.

D’Europaparlament huet en Donneschdeg gréngt Luucht gi fir finanziell Hëllefspäck aus dem aktuellen EU-Budget.

 

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s