[Reportage] Medizinescht Material kritt vun der EU keen Zoll méi oberluecht

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 2. Mee iwwerdroe ginn.

D’Europäesch Kommissioun huet Importsteieren op medizineschem Material wat ausserhalb vun der EU kënnt opgehuewen. Domat soll deene Länner gehollef ginn déi momentan Schwieregkeeten hunn fir un dës Produkter ze kommen.

 Innerhalb vum Marché interieur gouf d’TVA opgehuewen, an eben och den Zoll op Beotmungsgeräter, Masken, oder och Testkitten. D’Mesure gëllt provisoresch, a fir déi nächst 6 Méint. De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen ass Member vun der Kommissioun fir international Handel am Europaparlament. Hie seet dass et hei ëm efficass Organisatioun geet, an dass d’Materialien och do ukommen wou se am meeschte gebraucht ginn.

D’Membersstaate krite mat dëser Mesure un d’Häerz geluecht fir méi solidaresch mat hiere Noperen ze sinn, a net ze versiche Materialien bei sech ze hamsteren. Den CSV-Politiker, deem fräien Handel um Häerz läit, seet dass déi momentane Mangtum u Material weist dass mir méi proaktiv sollten Handelsaccord’en ofschléissen.

Et wier ideal wa méi Medikamenter a medizinescht Material géing an Europa produzéiert géing ginn, sou de Christophe Hansen. Gläichzäiteg misst een sech awer och bewosst sinn dass déi Materialien déi haut gebraucht ginn net onbedengt déi sinn déi an der nächster Kris wichteg ginn. Wat een dofir misst maachen ass gezillt Industrien ënnerstëtzen, an op den “duel use” setzen, also Entreprisen déi schnell hir Produktiounmethoden ëmstelle kënnen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s