Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 18. Abrëll iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Dat déi Gréng net mat der CSV an der DP averstane sinn, huet d’Tilly Metz kloer an de soziale Medie gewisen.
An der Diskussioun zu de sougenannten Corona-Bonds ass et zu Desaccorde tëscht de Lëtzebuerger Europadeputéierte op Twitter komm. Déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz wërft CSV an DP ee Manktem u Solidaritéit fir. Den CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen seet, dass dat “Polemik” wier.
En Donneschden huet eng weider ongewéinlech Plenière vum Europaparlament stattfonnt, wou vill Interventiounen online waren, souwéi och d’Votten. Bei de Votten iwwer een Hëllefspak gouf et eng Rëtsch Amendementer. Op Twitter schreift déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz, dass d’Europadeputéiert vun CSV an DP keng Solidaritéit weisen, well si géint den Amendement 15 gestëmmt hunn, dee sech fir “Corona-Bonds” ausschwätzt. Corona-Bonds si mutualiséiert Scholden, duerch déi d’EU-Memberstaaten zesumme Emprunten ophuelen, fir dass verschidde Länner net musse mat schlechten Zënsen ëmgoen.
Den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen huet op Twitter reagéiert, an werft dem Tilly Metz Onéierlechkeet fir. Déi Gréng hätte vun Ufank u mat um Dësch gesiess a géifen elo op eng Kéier anescht argumentéieren.
Konjunktur-Bonds, oder och “Recovery Bonds”, wieren awer eppes ganz aneschtes, wéi d’Corona-Bonds, sou d’Tilly Metz. D’Corona-Bonds géifen existéierend Emprunte verallgemengeren, mä d’Recovery–Bonds géife just déi Scholde betreffen, déi an Zukunft gemaach géifen. D’Tilly Metz seet sech och schockéiert iwwer dësen Manktem u Solidaritéit, wéi se et beschreift.
De Christophe Hansen seet allerdéngs, dass den Amendement vun deene Gréngen iwwerflësseg war, a fënnt d’Accusatioun vum Tilly Metz ondrobar. Den Amendement 15 géing just dat widderhuelen, wat souwisou am Text géing drastoen.
D’DP-Europadeputéiert Monica Semedo a Charles Goerens hunn och op Twitter reagéiert, fir D’Tilly Metz ze kritiséieren.
D’Decisioun vum Europäesche Conseil op dësem Sujet gëtt bei der Reunioun en Donneschden erwaart.