[Reportage] Reaktioune vun EU-Deputéierten op EU-Conseil

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 24. Abrëll iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Den Europäesche Conseil ass en Donneschdeg als Videokonferenz zesummekomm. Eis Lëtzebuerger Europadeputéiert soe sech positiv iwwerrascht vum Resultat.

“Dëse Progrès wier virun e puer Wochen nach onméiglech gewiescht.” Dat sot den Italienesche Premierminister Guiseppe Conte no dem virtuelle Meeting vun de Staats- a Regierungscheffen. De Conseil huet sech drop gëeenegt, dass een neien EU-Budget, deen un den Hëllefspak, also de “Recovery Fong” gekoppelt ass, absolut néideg ass, fir dem Coronavirus entgéintzewierken.

Den DP-Europadeputéierte Charles Goerens schwätzt vun engem historesche Schrëtt no vir: dës Ambitioune wiere vergläichbar mam Marshall-Plang.

D’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler seet sech frou driwwer, dass de Conseil deem nogeet, wat d’Europaparlament scho méi fréi virgeschloen huet, zum Beispill dass nieft Prêten och Subventiounen Deel vum Hëllefspak sinn. Et géifen awer och Froen opstoe bleiwen. Et wéisst een nach ëmmer net, wéi eng nei Zomme géifen decidéiert ginn a wéi dës Sue solle benotzt ginn.

Den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel seet, dass d’Europäesch Unioun och eege Recettë bréicht, fir all déi Päck ze finanzéieren. Et kéint een net just Scholde maachen, mä et misst een all dës Pläng och finanzéieren.

Den éischte Hëllefspak vu 540 Milliarden Euro ass op alle Fall elo approuvéiert a wäert vum 1. Juni un operationell sinn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s