[Reportage] Wéinst Corona-Kris: Soll ee bei annuléierte Volle Suen zréckkréien? 12 EU-Memberstaate soen “Nee”

Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, a gouf den 3. Mee iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Soll ee seng Sue kënnen zréckkréien, wann am Kader vum Coronavirus ee Vol annuléiert gouf?

12 EU-Memberstaate soe sech an enger gemeinsamer Deklaratioun dogéint, dass d’Fluchgesellschaften de Leit hier Sue sollen zréckginn.

Ënnert deenen 12 Länner sinn ënnert anerem d’Belsch, Frankräich an Holland. D’Argument ass, dass wann d’Fluchgesellschaften d’Sue mussen zréckginn, da kéime se a finanziell Schwieregkeeten, wat Aarbechtsplaze kaschte kéint. Amplaz dovu kéinten d’Konsumenten ee Bong kréien. De Lëtzebuerger Europadeputéierte Marc Angel seet sech kloer géint déi Deklaratioun. Hei géingen d’Business-Interesse vu verschiddenen Entreprisen iwwer d’Konsumente gestallt ginn. Vill Konsumente wieren och elo op de Cash ugewisen.

Den LSAP-Politiker seet och, dass et ee Problem vum Etat de Droit wier: Et kéint een net Versprieche vu Konsumenteschutz retroaktiv opléisen. Donieft wier et géint de Prinzip vun der Konkurrenz, well verschidden Airlines hire Clientë schonn hir Suen zréckginn hätten. Schlussendlech géing dat d’Entreprisë just dozou verleeden, d’nächst Kéier d’Reegelen och nees net anzehalen.

Dat géing awer net heeschen, dass een d’Fluchgesellschafte sollt am Stach loossen. A ville Länner wier dësen Entreprisë scho mat ville Milliarden ënnert d’Äerm gegraff, dorënner och mam Chômage technique fir hier Employéen. D’Sozialiste géifen och un engem Fong schaffen, dee kéint deene Fluchgesellschaften hëllefen, déi kee Cash méi hunn, fir hir Clienten auszebezuelen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s