Oxfam huet viru kuerzem eng Recommandatioune Bréissel geriicht, fir verschidde Länner kloer als “Steierparadäiser” ze deklaréieren. No enger ganzer Rei net EU-Länner (insgesamt 35), dorënner eis Frënn an der Schwäiz, wëll Oxfam och elo dass Malta, Irland, Holland a Lëtzebuerg op d’Lëscht vun den Länner gesat déi Steieroasen duerstelle sollen. De 5. Dezember gëtt d’EU hier “schwaarz Lëscht” […]
[REPORTAGE] Eurogrupp: Charel Goerens fuerdert gläich Chancen fir all Kandidat
Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 1. Dezember ausgestraalt ginn. De Beitrag kann am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn. Nieft Lettland, Portugal an der Slovakei ass och Lëtzebuerg Kandidat fir de Posten vum Präsident vun der Eurogrupp. D’Regierung vum Grand-Duché huet de aktuelle Finanzminister Pierre Gramegna als Nofolger vum aktuellen […]
Besteierung von Online-Servicer: D’Regierung huet Recht
Dëse Beitrag ass de Manuskript vu mengem Fräie Mikro, deen den 28. November um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei. “En historesche Feeler”. Esou nennt den EU-Kommissiounspräsident Jean-Claude Juncker d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung am Dossier ronderem d’Besteierung vu multinationale Konzerner. D’Regierung vum Grand-Duché huet, zurecht, drop higewisen dass eng Politik déi […]
[REPORTAGE] D’Digitalbesteierung an der Diskussioun zu Bréissel
Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 26. November ausgestraalt ginn. Dir kënnt en hei nolauschteren. Mat senger Kritik un der Lëtzebuerger Regierung am Dossier Besteierung vu groussen Online-Konzerner huet de Jean-Claude Juncker fir Opreegung gesuergt. Wat fir Ännerunge stinn an dësem Dossier un? Viru kuerzem huet den EU-Kommissiounspresident Schlagzeilen an […]
Inwiefern vergréissert/verrengert eisen Bildungssystem bestehend Inégaliteiten an eiser Gesellschaft?
Dësen Artikel gouf am Kader vun engem Projet geschriwwen dee “Bléckwénkel” heescht. Jonker mat verschiddene politische Philosophien äntwerten op preparéiert Froen, am Sënn vun der Informatioun vu jonke Lycée’s-Schüler. Den Original kann een hei liesen. Dëse Sujet ass een dee mir perséinlech no läit, well ech zu menger Zäit als Schüler immens engagéiert am Beräich Educatioun war. Sief […]
Léif Studenten, keen ass iech eppes schëlleg
Et gëtt, sief dat zu Lëtzebuerg oder am Ausland, Ënnerscheeder zwëschen de Generatiounen déi siichtbar sinn. Selten ass dësen Ënnerscheed bei eis am Land esou offensichtlech wéi bei der Aarbechtsmoral vun haitege Studenten. D’Diskussioune vu Studentevertrieder, vu wat och ëmmer wéinengem Bord se sinn, ass ëmmer : « Wéi kënne mir méi Sue fir de Studium aus der Staatskeess schloen ? » Gemëscht […]
Wien huet Angscht virum Glyphosat?
Dëse Beitrag ass de Manuskript vu mengem Fräie Mikro, deen den 31. Oktober um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei. D’ass Halloween an d’Geeschter si lass. Sief dat mat Grujelfilm op der Telé oder op den Halloween-Party’en haut den Owend: Iwwerall versiche mer eis géigesäiteg souvill Angscht wéi méiglech ze maachen. Ier et […]
Verbuetspolitik ass keng Léisung
Dëse Beitrag ass de Manuskript vu mengem Fräie Mikro, deen den 10. Oktober um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei. Virun zwou Wochen ass et op der Uni Bréissel zu enger Kontrovers komm: Een Internetsite dee Relatiounen zwëschen eeleren a jonke Leit promouvéiert, hat virum Uni-Campus fir sech Reklamm gemaach. Bei sougenannte Relatiounen […]
Existéiert d’Inégalitéit zwëschen de Geschlechter? Wann jo, sollt d’Politik sech drem këmmeren?
Dësen Artikel gouf am Kader vun engem Projet geschriwwen dee “Bléckwénkel” heescht. Jonker mat verschiddene politische Philosophien äntwerten op preparéiert Froen, am Sënn vun der Informatioun vu jonke Lycée’s-Schüler. Den Original kann een hei liesen. Mat der “Inegalitéit vun de Geschlechter” ass haut an deene meeschte Fäll den Ënnerscheed am Beräich vun de Salaire gemengt. Gerechent ginn hei […]
Mir erwaarde net genuch vun eise Gemengepolitiker
Dëse Beitrag ass de Manuskript vu mengem Fräie Mikro, deen den 12. September um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei. An e bësse manner wéi engem Mount sinn zu Lëtzebuerg Gemengewahlen, bei där dausende vu Kandidaten fir iwwer 500 Mandater kandidéieren. Wat d’Multiplikatioun vun dëse Mandater ugeet, hu mer an deene leschte […]