Verbuetspolitik ass keng Léisung

Dëse Beitrag ass de Manuskript vu mengem Fräie Mikro, deen den 10. Oktober um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei.

Virun zwou Wochen ass et op der Uni Bréissel zu enger Kontrovers komm: Een Internetsite dee Relatiounen zwëschen eeleren a jonke Leit promouvéiert, hat virum Uni-Campus fir sech Reklamm gemaach. Bei sougenannte Relatiounen zwësche “sugar daddies” a “sugar babies” geet et gréisstendeels dorëms dass déi méi eeler Persoun fir déi méi jonk bezilt, an déi eeler Leit sech dofir Gesellschaft erwaarden. Wien sech elo seet: “Esou schlëmm kléngt dat dach elo net.”, dee läit net op enger Linn mat de belsche Studentevertriedungen an der Regierung. Si wëllen d’Reklammen nämlech komplett verbidden. Vill gouf an där Woch bei eise Belschen Noperen diskutéiert: Et wier “eng Katastroph!” an “onmoralesch”. Dëst huet zu där interessanter Situatioun gefouert dass Feministen a Katholiken sech eens waren: “Ee Site deen onkonventionell Relatioune promouvéiert? Nee, dat musse mer verbidden!”

D’Konzept fir kontrovers Saachen ze verbidden ass kee neit. Amplaz ze diskutéieren, Ideen ze echangéieren an eis Differenzen ze feieren, maache mir alles dofir, fir de Liewensstil vun aneren anzeschränken. War d’Idee vun de 60er Joeren net dass mir eng progressiv Gesellschaft sinn, déi och onkonventionell Liewensstiler acceptéiert, ouni se dofir guttheeschen ze mussen? Verbuetspolitik heescht sech simplistesch a populistesch op ee regressiven Instinkt anzeloossen: “Wa mer et verbidden, dann hu mer de Problem geléist.” Esou eng Approche ass weder eng gutt Decisioun an enger liberaler Demokratie, nach ass wierklech effikass: Mënschen änneren hiert Verhalen wann een se iwwerzeegt, net well een hinne mat Amenden a Prisongsstrofen dréit.

Mir sinn am Grand-Duché an där Hisiicht kee Meter besser. Mannerjäreger fëmmen ze vill? D’Regierung setzt den Alter fir Tubak ze kafen vu 16 op 18 Joer. 17 Fraen zu Lëtzebuerg droen eng Burka? Komm mir verbidden se schnell.

Resultat vun esou enger Politik ass dass Jugendlecher sech hier Zigaretten anescht besuergen, méiglecherweis um Schwaarzmaart, an dass déi Fraen déi vun hire Männer wierklech gezwonge goufen eng Burka unzedoen ab elo d’Haus guer net méi verloosse wäerten. Zwee mol gutt gemengte Reegelen, zwee mol genau de Contraire erreecht. Amplaz eis vun de fantasievolle Verbueter vun eisen Nopeschlänner imponéieren ze loossen, musse mer eis froe wisou mir am Verglach ee fräit Land wëlle sinn.

Wa mer iwwer Verbuetspolitik nodenken, da komm mir traitéieren emol all Sujet genausou wéi dee vum Alkohol. Obwuel Alkohol fir Dausende vun Autosaccidenter an Dausende vun Ofhängegkeetskranke verantwortlech ass, an zu Gewalt an zech anere Gesondheetsproblemer bäidréit, behuelen sech déi meeschte Lëtzebuerger awer responsabel mam Produit. Dir dierft ganz legal amplaz vun enger Fläsch Wodka der och 10 kafe goen, an trotzdeem halen sech d’Exzesser a Grenzen. Mir erkennen de Risiko vum Alkohol an behuelen eis deemno. Och wann um Duerffest e puer Leit iwwer den Duuscht drénken, organiséieren déi Leit déi ni ee Patt drénken net direkt Petitioune fir d’Prohibitioun anzeféieren.

Dat ass déi essentiell Idee vun enger fräier Gesellschaft: Liewen a liewe loossen. Déi nächste kéier wann ären Deputéierten oder Gemengemandataire iech eppes virschwärmt vun enger neier Idee fir ee Verbuet, stellt iech einfach emol fir wéi dir iech fille géift wann e muer är perséinlech Freet ewech hëlt.

Wa mer ufänken esou ze denken a fir anerer matzefillen, da gi mer och iergendwann eng kéier alleguerten eens mateneen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s