Oxfam féiert hiren Lëtzebuerg-Bashing virun. Haalt op hir Wueren ze kafen!

Oxfam huet viru kuerzem eng Recommandatioune Bréissel geriicht, fir verschidde Länner kloer als “Steierparadäiser” ze deklaréieren. No enger ganzer Rei net EU-Länner (insgesamt 35), dorënner eis Frënn an der Schwäiz, wëll Oxfam och elo dass Malta, Irland, Holland a Lëtzebuerg op d’Lëscht vun den Länner gesat déi Steieroasen duerstelle sollen. De 5. Dezember gëtt d’EU hier “schwaarz Lëscht” vu Länner eraus déi an hirer Siicht problematesch sinn.

Nodeems mir säit der Kris vun 2008 eis dës oniwwerluecht Geschicht unhéiere mussen, hätt ee jo bal gemengt dass Oxfam opmannst méi Zäit an hir Recherche investéiere wéi eis franséisch an däitsch Noperen, well dass de Grand-Duché anzwëschen automateschen Informatiounsaustausch bedreift, schéngt hinnen net opgefall ze sinn. Grondsätzlech ass d’Positioun vun der britescher ONG op hirem Rapport vum Mäerz dëst Joer baséiert, an deem se ënnert anerem weisen dass Lëtzebuerger Banke vill méi Sue generéiere wéi anerer. Dass de Succès vun der Bankeplaz Lëtzebuerg och kéint un der Sproochevillfalt, dem Know-How, der Infrastruktur an der politescher Stabilitéit (mir kucken elo op keen an Europa…) leie kéint, schéngt fir Oxfam ausgeschloss ze sinn. Et mussen d’Steiere sinn!

Lëtzebuerger Regierung kéinten endlos probéieren eis Noperen an esou Organisatiounen ze versichen zefridden ze stellen: Ouni Erfolleg. Den Drock wäert eréischt dann noloosse wa mir eis Betriber esou besteiere wéi Frankräich, a wann d’Stad Lëtzebuerg esou erofkomm ausgesäit wéi Charleroi. Déi Personnagen déi den Anti-Lëtzebuerg Bashing eréischt dann opgi wann et dat Lëtzebuerg wat sech Wuelstand selwer erschaaft huet, net méi gëtt.

Organisatioune wéi Oxfam si staark politiséiert, a si vill manner dorun interesséiert Leit ze hëllefen, wéi se hiert Weltbild verbreeden wëllen. Dat mannst wat een als Lëtzebuerger maache kann deen och nëmmen e bëssen eppes op d’Zukunft déi wirtschaftlech Zukunft vum Grand-Duché gëtt, ass solch Organisatiounen net méi ze ënnerstëtzen.

Si si net déi eenzeg déi Faitrade-Schokola verkafen.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s