Léif Studenten, keen ass iech eppes schëlleg

Et gëtt, sief dat zu Lëtzebuerg oder am Ausland, Ënnerscheeder zwëschen de Generatiounen déi siichtbar sinn. Selten ass dësen Ënnerscheed bei eis am Land esou offensichtlech wéi bei der Aarbechtsmoral vun haitege Studenten. D’Diskussioune vu Studentevertrieder, vu wat och ëmmer wéinengem Bord se sinn, ass ëmmer : « Wéi kënne mir méi Sue fir de Studium aus der Staatskeess schloen ? » Gemëscht gëtt dat Ganzt, a gutt Lëtzebuergescher Jugenattitüde, mat dem Besoin fir een eegenen Auto (well mam Zuch fuere just déi aarm Leit, geldier), eng grouss Wunneng eleng, a virun allem, een absolute Minimum un eegenem Investissement an hire Liewensstil. Fir déi meescht Lëtzebuerger Studente sinn zwou Woche fir d’Gemeng Onkraut rappen am August, den Héichpunkt vun hirer extra-scolairer Beruffscarrière.

Dobäi hu mir dach eng ganz considerabel Chance : Mir sinn déi lescht Generatioun déi nach d’Méiglechkeet huet mat enger Nokrichsgeneratioun ze schwätzen. Eis Grousselteren hunn sech doduerch ausgezeechent dass si Moies opgestane sinn a geschafft hunn, net an der Mëttesstonn waakreg gi si fir eng rosen Email un de Bildungsministère ze schécke fir sech doriwwer ze beschwéieren dass et manner Bourse gëtt. Si hate keen Auto a meeschtens keng Sue fir vill eraus ze goen, an alles wat do war war d’Resultat vun haarder Aarbecht an Erspuernisser.

An deene leschte Joren huet et ëmmer geheescht dass eise staatleche Subsidemodell Studenten dozou hëllefe soll op eegene Féiss ze stoe während se studéieren. Firwat iwwerhaapt ? Et ass keng Schan fir seng eege Suen ze schaffen, bien au contraire. Sech selwer eng finanziell Onofhängegkeet opzebauen ass wahrscheinlech dee gréissten Houfert deen ee kann hunn. Et ass do niewebäi och keng verlueren Zäit : Déi Aarbechtsmoral deen een huet wat ee scho vu fréi un fir seng eegen Existenz suergt ass déi, déi vun engem an der Aarbechtswelt erwaart gëtt.

Léif Studenten, keen ass iech eppes schëlleg. Dir sidd net extra just well dir studéiere gitt, an dir hutt kee Recht op d’Sue vu Leit déi vu Moies bis owes schaffe ginn, während dir zu Bréissel, Stroossbuerg, Oochen oder Wien nach am Gaang sidd är « Daf » ze maachen. Et gëtt Zäit dass mir eis Attitüden ëmstellen.  

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s