Existéiert d’Inégalitéit zwëschen de Geschlechter? Wann jo, sollt d’Politik sech drem këmmeren?

Dësen Artikel gouf am Kader vun engem Projet geschriwwen dee “Bléckwénkel” heescht. Jonker mat verschiddene politische Philosophien äntwerten op preparéiert Froen, am Sënn vun der Informatioun vu jonke Lycée’s-Schüler. Den Original kann een hei liesen.

Mat der “Inegalitéit vun de Geschlechter” ass haut an deene meeschte Fäll den Ënnerscheed am Beräich vun de Salaire gemengt. Gerechent ginn hei d’Ënnerscheeder an deem wat Männer a Fraen an hire Beruffer verdéngen. Déi meescht benotzten Zuel an dësem Kader sinn 80%, wat heesche géif dass fir déi selwecht Aarbecht, eng Fra just 80 Cent kritt während ee Mann 1 Euro verdéngt. An obwuel Politiker gäre mat dëser Zuel schaffen, huet si wéineg mat der Realitéit ze dinn: Et goufe just all d’Salaire vu Männer a Frae verglach, ouni dobäi déi verschidde Kompetenzen, Beruffer oder Preferenzen ze berécksiichtegen.

Obwuel all Beruffer zougänglech si fir béid Geschlechter, si Fraen a Männer a ville Beruffssparten ënnerschiddlech representéiert. An de Beräicher vun de Riichter an deem vum de Grondschoulen zum Beispill, sinn zu Lëtzebuerg méi Frae wéi Männer.

Et stellt een sech och e bëssen d’Fro: Wann ee wierklech strukturell Fraen 20% manner bezuele kéint wéi Männer, an dat obwuel se genau déi selwecht Aarbecht leeschten, firwat géifen Entreprisen dann net einfach just Fraen astellen?

Heescht dat also dass wa mir also wierklech Äppel mat Äppel vergläichen, dass mer dann op 100% gläich Salairë kommen? Sou einfach ass et net: Studien hunn nämlech gewisen dass Diskriminatioun op der Aarbechtsplaz weiderhin eng Roll spillt. Hei ass d’Zuel allerdéngs net 20%, mee minimal 3% Ënnerscheed beim Salaire. Opgepasst: Diskriminéierung ass net direkt Sexismus. Frae bezuele manner fir Autosversécherungen, well Entreprisen d’Geschlecht mat an hir Rechnung mat abegräifen. Dëst huet manner mat Sexismus ze di wéi mat rationellen Entscheedunge bei Choix’en déi Entreprise maachen.

D’Studie weisen also net dass Fraen 80% manner verdénge fir déi selwecht Aarbecht, mee si weisen och net dass sexistesch Diskriminéierung guer net existéiert. Sécher ass op alle Fall dass de Staat bei der Rektifikatioun vun deem onbekannte Prozentpunkt zwëschen 0 an 3 Prozent keng grouss Hëllef wier. “Equal Pay for Equal Work” Gesetzgebung huet sech als immens ineffizient eraus gestallt, well geschlechtsspezifeschen Traitement net ze iwwerpréiwen ass.

Wat mir um perséinlechen Niveau maache mussen, ass fir eis kloerem Sexismus an eisem Alldagsliewen entgéint ze stellen, op en eis elo perséinlech betrëfft oder net.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

w

Connecting to %s