Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 26. November ausgestraalt ginn. Dir kënnt en hei nolauschteren.
Mat senger Kritik un der Lëtzebuerger Regierung am Dossier Besteierung vu groussen Online-Konzerner huet de Jean-Claude Juncker fir Opreegung gesuergt.
Wat fir Ännerunge stinn an dësem Dossier un? Viru kuerzem huet den EU-Kommissiounspresident Schlagzeilen an der Lëtzebuergescher Press gemaach, duerch seng Aussoen um Sujet “Digitalbesteierung vu grousse Konzerner”. De Jean-Claude Juncker hat d’Decisioun vun der Regierung, fir sech am Dossier Besteierung vun Entreprise wéi Amazon, Google oder Apple an d’Oppositioun ze stellen, kritiséiert a se “een historesche Feeler” genannt.
D’Uspillung war hei, dass de Premierminister Xavier Bettel, dee medial gesi gutt mam franséische President Emmanuel Macron eens ze gi schéngt, sech an dësem Beräich net mat de Fransousen ze eenege schéngt. D’Propose vum franséische Finanzminister Bruno Le Maire ass notamment, dass Konzerner wéi Google oder Microsoft do solle besteiert ginn, wou se och Beneficer maachen, net do wou se hire Sëtz hunn. Iwwer dëse Wee géifen dës Betriber Milliarde vun Euro a Steiergelder spueren, wat fir de Chef vum franséische Fisk “eng Fro vun der Gerechtegkeet” wier. Zesumme mat der estnescher Presidence wëll Frankräich dësen Dossier viru bréngen.
Viviane Reding: Mir brauchen eng europäesch Léisung
Fir d’CSV-Europadeputéiert Viviane Reding ass dee politeschen Hin an Hier schiedlech fir den europäeschen Dialog. Si géif sech net an de parteipolitesche Kleinklein amëschen. Fir d’Viviane Reding misst hei eng europäesch Léisung fonnt ginn, bei deem net dat eent oder anert Land mengt, et hätt gewonnen.
Net nëmme Lëtzebuerg huet sech am Beräich vun Digitalbesteierung skeptesch gewisen. Och déi maltesesch, tschechesch an iresch Regierunge sinn der Meenung, dass et dee falsche Wee ass, op deem Sujet de Rimm vun den Entreprisen unzezéien, wéinst der internationaler Konkurrenz.
Den dänesche Finanzminister Kristian Jensen sot dozou am Dezember: “Ech sinn ëmmer skeptesch, wann et ëm nei Steiere geet. Ech mengen, Europa ass scho genuch besteiert.”
De 26. Oktober huet d’Europäesch Kommissioun eng Consultatioun lancéiert, déi erausfanne soll, wéi d’Besteierung vum digitale Commerce soll ausgesinn. Bis den 3. Januar kënnen EU-Bierger, wéi och Entreprisen ee Questionnaire ausfëllen, dee Froen zum Thema stellt, dorënner: “Sinn nei international Reegelen am Beräich vun der Besteierung vun der digitaler Ekonomie néideg?” oder “Sollte kleng- a mëttelgrouss Entreprisen vu deene Steieren ausgeschloss ginn?”. De Questionnaire kann een um Internetsite vu der Europäescher Kommissioun fannen, op https://ec.europa.eu/info/consultations/fair-taxation-digital-economy_en#questionnaire
Eppes ass sécher: Et wäert net einfach gi fir d’EU-Memberstaaten, fir am Fréijoer eng Léisung an dësem Dossier ze fannen, mat Konsultatioun oder ouni.
Zu Bréissel gëtt momentan no engem neie Modell fir d’Besteierung vum digitale Commerce gesicht, bei deem ënnert anerem de Premierminister Xavier Bettel an den EU-Kommissiounpresident Jean-Claude Juncker hir Desaccorden an der Ëffentlechkeet gewisen hunn.