Wien huet Angscht virum Glyphosat?

Dëse Beitrag ass de Manuskript vu mengem Fräie Mikro, deen den 31. Oktober um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei.

D’ass Halloween an d’Geeschter si lass. Sief dat mat Grujelfilm op der Telé oder op den Halloween-Party’en haut den Owend: Iwwerall versiche mer eis géigesäiteg souvill Angscht wéi méiglech ze maachen. Ier et allerdéngs ugeet hu mir fir dëst Joer allerdéngs schon eis Gewënner: d’Ëmweltschützer an hir erfollegräich Lobbyaarbecht géint de Glyphosat; den Herbizid deen och als “RoundUp” bekannt ass. Jorelaang Campagnë vun Angschtmaacherei hunn sech schlussendlech zu Bréissel duerchgesat. Zu Onrecht.

E genau enger Woch wëll d’Europäesch Unioun hir Decisioun zu der Verlängerung vum Glyphosat fällen. Déi Lëtzebuergesch Regierung huet sech der Idee vun engem Verbuet ugeschloss, wahrscheinlech als Zeeche vun Unerkennung un déi Gréng, déi mat hirem Resultat bei de Gemengewahle gewisen hunn dass et ëmmer manner ouni si geet.

Wat heescht esou ee Verbuet fir eisen Akerbau?

Glyphosat gëtt op 45% vun den europäesche Biedem verwennt. Dëst Verbuet wäert wäitreechend Konsequenzen den Aakerbau um Kontinent hunn, wat och erkläert wisou vill Baueren absolut net mat dëser Decisioun d’accord sinn. Däitsch Baueren weisen drop hin dass ee Verbuet vum RoundUp zu enger 57%-teger Reduktioun vun der Weessproduktioun an enger 40%-teger Reduktioun vu Grompere féiere wäert.

Wat seet d’Wëssenschaft da genau zum Thema Glyphosat?

Am Joer 2015 huet d’Europäesch Agence fir Iessensecherheet (EFSA) ganz kloer dorop higewisen dass sech vun all de Kritiken um Glyphosat keng eenzeg materialiséiert huet. D’Konklusioun vun der Agence war eendeiteg: Glyphosat ass net kriibserreegend. Dës Analys gouf confirméiert vum “Risk Assessment Committee” vun der Europäescher Agence fir Chemikalien, vu nationalen Autoritéiten ausserhalb vun der Europäescher Unioun, (dorënner Kanada, Japan, Australien a Neuseeland) a schlussendlech och vum Comité fir Akerbau an Iesswuere vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO.

Wann d’Diskussioun iwwer “wat ass kriibserreegend a wat net” gefouert gëtt, da muss ee virun allem froe vu wéienge Quantitéite mir Rieds hunn. Wann dir effektiv déi ganz Fläsch RoundUp usetzt, da kritt dir serieux gesondheetlech Problemer. Déi minimal Quantitéiten déi sech an eisen Iesssaachen erëmfanne stellen allerdéngs kee Risk fir eis Gesondheet duer. Wëssenschaftler beschäftegen sech scho laang mat deem Sujet, an hir Äntwert ass kloer.

Déi Ëmweltschützer déi de Lëtzebuerger op Basis vun der Wëssenschaft am Sekonnentakt Moralpriedegen halen, dass si ze vill Auto fueren, net genuch recycléieren oder express Äisbieren ersaufen, sinn elo déi selwecht Ëmweltschützer déi iwwerhaapt net der Wëssenschaft nolauschteren a knallhaart, mat der Hand vum Staat, eise Bauere virschreiwe wéi si ze schaffen hunn. D’Ideologie vum Ëmweltschutz huet mat hirem Numm näischt méi ze dinn: Si ass just nach een Outil vu Contrôle, duerch deen sech grouss Organisatiounen un de Sue vun hiren ängschtlechen Donateure beräicheren.

Wat dës Organisatioune méi Afloss kréien, wat se sech es méi huelen, bis se iergendwann all verbleiwend Industrie an d’Knéie gezwongen hunn. Wann d’Politiker zu Bréissel sech net bis d’nächst Woch besënnen, da ginn eis Baueren déi nächst Affer vun dëser destruktiver Angschtmaacherei.

Sief et Greenpeace, Mouvement Ecologique oder aner, iergendwann muss de Spuk een Enn kréien.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

2 Responses

  1. j.trierweiler@outlook.com

    well, well, well… on the basis of your arguments, tobacco would still be freely available, lung cancer would not be worth mentioning, and alcoholism a good thing. Show ONE report, ONE single report, that was NOT financed by the industry, that absolves Glyphosat from only the worst consequences.You are obviously clueless.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s