Mir erwaarde net genuch vun eise Gemengepolitiker

Dëse Beitrag ass de Manuskript vu mengem Fräie Mikro, deen den 12. September um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei.

An e bësse manner wéi engem Mount sinn zu Lëtzebuerg Gemengewahlen, bei där dausende vu Kandidaten fir iwwer 500 Mandater kandidéieren. Wat d’Multiplikatioun vun dëse Mandater ugeet, hu mer an deene leschte Joeren fläisseg geschafft: Am Joer 1993 gouf et zu Lëtzebuerg 349 Gemengerotsmandater, 1999 waren et der 420, 2005 waren et der 475, a bei de leschte Gemengewahlen 2011 koume 555 Mandater zesummen. Dat ass eng Hausse vu 60%, an dat a manner wéi 20 Joer. Dës Inflatioun u Gemengerotsmandater huet allerdéngs wéineg un eisen Erwaardungen un eis Politiker geännert, an et gëtt och net doduech besser dass mir se weider undreiwen.

Oder fir et emol sou ze soen: Kennt dir d’Nimm vun de Leit déi iech am Gemengerot representéieren? Wann dir an enger klenger Gemeng wunnt da sinn et just 7 Leit, an awer gëtt et fir déi meescht Lëtzebuerger wahrscheinlech schwéier och nëmmen eng weider Persoun nom Buergermeeschter ze nennen. Dobäi sinn d’Gemengekompetenzen net ze ënnerschätzen: Um kommunale Niveau gëtt är Waasserversuergung organiséiert, d’Grondschoulen, oder op wéieng Terrain’en wou a wat gebaut dierft ginn. Vill Gemengen maache Scholden a Milliounenhéicht; Prêten, déi oft op Längten vun 20 Joer gespaant ginn. Finanzéieren maachen dir dat ganzt mat der Grondsteier déi der Gemeng iwwerwise gëtt, a vu Gemengesubventiounen vum Zentralstaat.

Wann der iech net esou sécher sitt wéivill är Gemeng wierklech décidéiert, gitt iech un engem Dag vun de Voten mol de Conseil communal live ukucken. Leit déi just dofir gewielt goufen well se vill op d’Volléksfester ginn, mussen sech elo ob eemol mat Bebauungspläng, Sécherheet vun de Schoulen an Emprunt’en beschäftegen déi wäit iwwer hir Amtszäit eraus ginn.

Dat wëll net heeschen dass all Gemengemandataire mam Fanger am Mond säin Amt duerchzitt, mee dass sech sérieux mat sengen Dossier’en beschäftegen esouvill Zäit hëllt dass vill Leit et net méi maachen. Resultat: de Gros vun de Mandater an de Gemenge si vu Pensionnairen oder vu Leit besat am Staat geschafft, a vum Staat gelieft hunn. Mir maachen aus Politiker Bürokraten, an aus Bürokrate Politiker.

Resultat ass och dass wann iwwerhaapt, da gi just Gesiichter gewielt. De Persounekult Wahlkampf wéi en zu Lëtzebuerg üblech ass, gëtt bei de Gemengewahlen op d’Spëtzt gedriwwen. D’Lëtzebuerger wëllen dass d’Kandidate “sech weise kommen”. D’Kandidate selwer verbréngen méi Zäit domat Flyeren auszedeelen mat hierer Fotoen drop wéi se wierklech iwwer Gemengepolitik schwätzen.

Déi Mandatairen déi wierklech eng sérieux Aarbecht maache wëllen, ginn Affer vun engem System an deem se während 4 Wochen all Dag mussen mat de Leit vun den Dierfer Thüringer iessen, a wou déi eenzeg Liaisoun zu der Gemengepolitik an der Kategorie vun “du muss kucken dass mäin Terrain do ëmklasséiert gëtt” leien. Lokalpolitik huet vill Kompetenzen a soll der och méi vum Zentralstaat iwwerdroe kréien, well d’Politik am beschte soll sou no wéi méiglech beim Bierger selwer gemaach ginn.

Mee do virdrun musse mir eis Erwaardungen un eis Kandidaten méi héich usetzen. Frot är Kandidaten ob se wëssen wéivill Schold d’Gemengekees huet, wéivill Defizit se mecht a wéi si mengen wou misst gespuert ginn fir et besser ze maachen.

Wann se iech amplaz ze äntwerten iech mam Béier prosten, da wësst der wat lass ass.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s