Besteierung von Online-Servicer: D’Regierung huet Recht

Dëse Beitrag ass de Manuskript vu mengem Fräie Mikro, deen den 28. November um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei.

“En historesche Feeler”. Esou nennt den EU-Kommissiounspräsident Jean-Claude Juncker d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung am Dossier ronderem d’Besteierung vu multinationale Konzerner. D’Regierung vum Grand-Duché huet, zurecht, drop higewisen dass eng Politik déi an dësem Beräich ze wäit geet net nëmme Lëtzebuerg, mee och dem europäesche Kontinent schued.

De Jean-Claude Juncker ass visiblement a wäitreechender Deconnectioun vun der Realitéit, säit hien zu Bréissel seng Aarbecht ugaangen ass; besonnesch doduerch dass hien wahrscheinlech als Premier hei am Land déi selwescht Positioun geholl hätt.

Am Juli dëst Joer war Google enger Franséischer Steierrechnung vun enger Milliard Euro entgaangen. D’Argumenter vum Geriicht: Google huet kee permanenten Emplacement am Hexagone, a muss deemno op sengem Reklammeservice “AdWords” keng Steieren un de Fisk zu Paräis bezuelen. Dat ka Frankräich als Rekordsteierland senger Wielerschaft natierlech nemme schlecht erkläeren.

D’Propose vun der Franséischer Regierung, déi op dësem Sujet besonnesch Drock mecht, ass dowéinst déi heiten: Amplaz Entreprisen am Digitalberäich do ze besteieren, wou se sesshaft ass, sollen hir Servicer do besteiert gi wou se vermaart ginn. De Jean-Claude Juncker, deen sech där Idee aus politische Grënn ugeschloss huet, vergësst iech a senger Kritik awer Folgendes ze soen:

Eischtens: Wann Ëmsätz, a net Profiter besteiert ginn, dann heescht dat dass Betriber Steier bezuelen obwuel se rout Zuele schreiwen. Fir een anti-business Land wéi Frankräich, wou eng Faillite méi oder manner och elo keen Ënnerscheed méi mecht, ass dat villäicht egal, mee am Grand-Duché misste mir eis iwwer esou ee Mechanismus konkret Suerge maachen.

Zweetens: Dës Franséisch Propose ass offensichtlich géint Länner wéi Lëtzebuerg geriicht, déi méi avantgéis Steiertaux’en ubidden; wéisou sech och Länner wéi Malta oder Irland skeptesch weisen. Steierkonkurrenz ass ee wichtegen Deel vun europäescher Fiskalpolitik, well se dofir suergt dass mir net wéi d’Belsch oder Frankräich eis ganzt ökonomescht Potential an de Ruin dreiwen.

Drëttens: Et sinn net d’Entreprisen déi dës Steier bezuelen. Egal wéivil sech verschidde Leit Schadenfreude erlaabe géife well elo Amazon, Google oder Microsoft “méi bezuele” missten, ass et a Wierklechkeet sou dass dës Contributiounen entweder vun den Employ’en gedroe ginn, déi da manner verdéngen, oder vun der Clientèle wann hir Produkter méi deier gëtt. Grouss Konzerner bezuelen net. Dir bezuelt.

Wa mir also tëschent de Linne vun dem Jean-Claude Juncker senger Kritik liesen, da gesäit se ganz anescht aus. Fir seng politesch Projet’en ze erreeche muss hie sech mat de Fransouse gutt halen, déi dofir suerge wëllen dass de ganze Kontinent all Firma déi Räichtum krééiert bis an d’Onendlechkeet besteiert, bis se an Amerika auswandert. Bezuelt gëtt dat ganzt vum europäesche Konsument, also vun iech, déi fir Servicer am Netz ëmmer méi wäerte bezuelen. An dass dat en fin de compte konträr ass zu allem wat d’CSV ënner Juncker a Frieden a hierer Regierungszäit gemaach hunn, schéngt de fréiere Premier wéineg ze stéieren.

D’Lëtzebuerger Regierung huet absolut Recht mat hirer Oppositioun zu der geplangter Besteierung vun Online-Servicer. Et bleift ze hoffen dass si op dësem Thema keen Zentimeter nogëtt.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

  1. LS

    4. Och den Emsatz léisst sëch verschieben, net nëmmen an dem ech den Kontrakt an engem anneren Land ennerschreiwen (Google, Facebook an Irland), ma et kann een daat ganzt op d’Spëzt dreiwen. Wann Frankréich den Emsatz tëscht Google Irland an PSA oder Renault Frankréich wëll besteieren, dann kéinten Google an Facebook hier Reklamen just nach un PSA, Renault Irland verkaafen, die dann trotzdem op franséich den franséichen User gewiesen ginn. Oder direkt an den USA oflaafen lossen, ofgeschiermt vun der EU. Fier daat ze verhënneren, bléiw dann just nach d’chinesesch Léisung vun der Great Firewall ronderem den europäeschen Internet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s