[Reportage] Wënzer solle via e Guichet unique beim Export vun hire Wäiner gehollef kréien

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 29. August iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Mat enger neier Mesure probéiert den Europadeputéierten Christophe Hansen de Wënzer d’Liewe méi einfach ze maachen, virun allem wat den Export ugeet.

Bannent dem Europäesche Bannemaart wier et ze komplizéiert fir Wäin ze verschécken, wat virun allem klenge Produzente géing schueden.

Wann ee sech déi aktuell Situatioun vum Covid-19 géint ukucken da géing ee feststellen, dass d’Wënzer virun enger immens schwiereg Situatioun stéingen, esou den CSV-Politiker.

Dat géing doru leien, dass d’USA virun e puer Méint Stroftaxen op Wäin, deen aus Europa kënnt, geluecht hunn. An och, dass d’Wäifester an hirer normaler Form net kënne stattfannen, an dass Caféë laang zou waren, an och elo net op hirer maximaler Capacitéit géinge lafen.

Bei de Méiglechkeete vum Wäinhandel wier awer nach vill Sputt no uewen, esou de Christophe Hansen. Wa Wënzer kéinte méi einfach an d’Nopeschlänner exportéieren, da géif hinnen dat vill Commerce opmaachen. Momentan wier dat allerdéngs komplizéiert, well all Land aner Reegele bei den Accisen an der TVA hunn, an dofir déi kleng Wënzer et sech net kéinte leeschten, fir een Intermediaire anzestellen, deen déi administrativ Aarbecht mécht. Et bréicht een dofir eng Vereinfachung.

De Christophe Hansen huet d’Europäesch Kommissioun opgefuerdert ee “Guichet unique” anzeféieren, wou d’Wënzer ganz einfach kënnen ausfëllen, wou se hire Wäin wëllen hin exportéieren, an deen hinnen déi administrativ Demarchen erleedegt.

An der Praxis géing dat heeschen, dass méi Wäi vu klenge Wënzer an der Europäescher Unioun géing verschéckt ginn.

Et ass net déi éischte Kéier, dass de Christophe Hansen esou ee System proposéiert: Schon am November hat hie eng Propose lancéiert, fir ee méi einfache System ze schafen, fir d’”Rules of Origin” ze fannen, also et Entreprisen méi einfach ze maachen eraus ze fannen, op wéi eng Produite “Made in Luxembourg” a wéi eng “Made in the European Union” drop geschriwwe muss ginn, wa se an d’Ausland ginn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s