Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 26. August iwwerdroen.
Déi diplomatesch Relatiounen zwëschen der Europäescher Unioun an der Tierkei gi méi schlecht. Dobäi geet et em d’Behuele vun Ankara bei natierleche Ressourcen am Mëttelmier, der Migratioun vu Flüchtlingen, a militäreschen Interventiounen a Libyen a Syrien.
D’Lëscht vu Problemer déi Bréissel mat der Regierung ënnert dem Präsident Erdoğan huet ass laang. Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler ass Member vu gemeinsame parlamentaresche Comité zwëschen der EU an der Tierkei, a seet dass wann ee bedenke géing dass d’Land an engem Adhésiounsverfaare wier, vill Aspekter net akzeptabel wieren.
Si seet dass dass et hei ëm déi illegal Buerungen un der zypriotescher Küst géing goen, souwéi d’Verletze vum griichesche Loftraum. Donieft wier d’Behuele vun der Tierkei an der Flüchtlingsfro onproduktiv. Ankara hat viru kuerzem d’Decisioun getraff fir Flüchtlingen aus dem Mëttleren Osten direkt un der bulgaresch a griichesch Grenz ze féieren, wou se zum Spillball vun der Relatioun zwëschen der EU an der Tierkei ginn.
Zypern ass an zwee gespléckt: Zu engem Deel d’Republik Zypern, déi der Opfaassung vun der EU no Autoritéit iwwert déi ganz Insel huet, an d’Republik Nordzypern, den Deel mat der tierkescher Minoritéit, déi just vun der Tierkei unerkannt ass. Nordzypern gëtt Rechter fir Buerungen un tierkesch Entreprisen, wat d’Republik Zypern a Griicheland ass illegal ugesinn.
Och bei griicheschen Inselen, déi ganz no un der tierkescher Küst leien, géif Tierkei Grenze net respektéieren, wouduerch een d’Handlunge just als Provokatioun bezeechne kéinte ginn, esou d’Isabel Wiseler.
D’CSV-Politikerin seet dass wann d’Tierkei mat maritim Grenzen net d’Accord ass, dass sollt si sech un d’UNO wende fir de Problem juristesch ze léisen.
Frankräich huet Griicheland schonn hier militäresch Hëllef zur Verfügung gestallt, am Fall wou et zu enger Eskalatioun géing kommen. Mat all de militäreschen a humanitäre Problemer déi d’Tierkei poséiert, stellt sech elo d’Fro wéi eng Zukunft d’Adhésiounsverfaren huet.
Et wier wichteg d’Bevëlkerung ze ënnerstëtzen, mee sécher ze goen dass keng EU-Gelder un de Regime zu Ankara géing goen. Eng Adhesioun vun der Tierkei wier momentan onméiglech.
Muer an iwwermuer hunn d’EU-Ausseministere eng informell Reunioun zu Berlin, wou dann och iwwer d’Relatioun mat der Tierkei riets wäert sinn.