Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 23. August iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Innerhalb vun der Europäescher Unioun kënnen déi meeschte Leit erem an déi meeschte Länner reesen. Fir Leit déi net an der EU liewen ginn et allerdéngs relativ wéineg Ausnaahmen, an dat trëfft ganz oft net-bestuete Koppelen déi net beienee wunnen. D’Campagne “Love Is Not Tourism” wëll dee Problem ugoen.
Aktuell ass et sou dass bestuete Koppele sech kënnen a ganz Europa gesinn, mee Koppelen déi net besuet oder gepacst sinn dierfe ganz oft net an déi jeweileg Länner areesen. Déi Trennungen daueren elo schon een halleft Joer, an a verschiddene Fäll sinn et net-bestuete Koppele mat Kanner, wou de Papp oder d’Mamm déi eege Kanner scho laang net méi gesinn huet.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Marc Angel erkläert dass huet och op d’Reaktioun vu Lëtzebuerg waart. Et wier elo schon einfach fir net-bestuete Koppelen mat engem Partner aus engem net-EU Land fir Résidence zu Lëtzebuerg unzefroen, also rechent hien domat dass hei d’Regierung schnell reagéieren wäert.
Bis ewell sinn et Dänemark, Island, Däitschland, Norwegen, Eisterräich, Frankräich, Holland, d’Schwäiz, Spuenien, Tschechien, a Finnland déi ënner bestëmmte Conditiounen eng Arees vun engem Partner aus engem Drëttland erlaaben. Dofir gi Preuven gefrot dass een an enger Bezéiung ass, zum Beispill gemeinsam Fligerticket’en a Fotoen.
Den LSAP-Politiker seet och dass hie verstoe kann dass dës Koppelen frustréiert mat der EU sinn. D’Baussegrenzen goufen zesummen zougemaach, mee bei dësem Sujet géif nees all Land en Alleingang maachen.
D’Campagne #LoveIsNotTourism: https://www.loveisnottourism.org/