Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 21. Oktober iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Muer stëmmt d’Europaparlament zu engem Amendement of deen deemno wéi Bezeechnungen wéi “Veggie-Burger” oder “Vegan Zosiss” kéint verbidden. Bauereverbänn soen et géif d’Konsumenten duerchenee maachen. Ëmweltschützer halen dogéint.
Et ass net déi éischte kéier dass d’Europäesch Unioun sech mat deem Sujet beschäftegt. Am Joer 2017 hat den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg décidéiert dass pfalnzlech Mëllechprodukter, also Produkter déi esou ausgesinn mee keng Mëllech enthalen, sech net méi de Numm Botter, Mëllech, Kéis, oder Joghurt dierfe ginn. An Däitschland an a Frankräich ass de Sujet och politesch diskutéiert. Bauerverbänn behaapten dass doduerch d’Konsumte géifen iergefouert ginn.
Elo soll mat engem Amendement vun engem franséischen Deputéierten am Europaparlament muer, d’Saach Europäesch gereegelt ginn.
Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz huet eng kloer Siicht op d’Saach. Si seet et wier Quatsch ze behaapten dass d’Konsumenten den Ënnerscheed net géife verstoen, also dass si net wéissten dass an engem “Veggie-Burger” kee Fleesch dran ass.
D’Euroäescht Parlament kann zwar selwer esou Denominatioune net verbidde, mee kann esou een Amendement am Gesamttext benotzen fir mat den EU-Membersstaaten iwwer ee Verbuet ze négociéieren. Am genannten Amendement geet d’Propositioun iwwregens nach méi wäit : Och Bezeechungen vu Styl wiere verbueden, also zum Beispill eng Bezeechung wéi “Ee Gedrénks wéi Mëllech” oder “Poulet-aarteg” wieren dann och verbueden.
D’Tilly Metz seet dass hei just probéiert gëtt verschiddene Produkter Steng an de Wee ze geheien. Déi Gréng Politikerin schwätzt och vun onberechtechter Zensur. Ee Label deen erkläert dass e Produit vegan ass géif duergoen.
Den Débat an de Vote op dësem Sujet ass fir muer an der Plénière vum Europaparlament virgesinn.