Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 20. Oktober iwwerdroen. De ganze Beitrag kann een och hei lauschteren.
An der Plenière vum Europaparlament dës Woch geet et haaptsächlech ëm d’Landwirtschaftspolitik. Virun allem ëm eng Reform vun de Subside fir d’Bauere steet am Mëttelpunkt, déi dofir suerge sollen dass d’Agrikultur méi ëmweltfrëndlech gëtt.
Déi Allgemeng Agrarpolitik vun der Europäescher Unioun mécht dee gréissten Deel vum EU-Budget aus, a subventionéiert Bauerebetriber. D’Ëmweltambitioune vun der Europäescher Kommissioun wëllen dass méi nohalteg a méi ëmweltfrëndlech Landwirtschaft bedriwwe gëtt, mee bei der Fro wéi dës Ambitioune mat der Subventiounspolitik zesumme bruecht kënne ginn, koum d’Europaparlament laang op kee gemeinsamen Nenner. Haut den Owend um 20h00 stëmmen d’Europaparlament zu Bréissel iwwer Kompromësser of.
Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz seet dass hir Fraktioun net fair behandelt gouf. An deene leschten zwou Wochen wiere weder déi Gréng nach déi Lénk Fraktiounen um Verhandlungsdësch gewiescht, wat dozou gefouert hätt dass d’Kompromësser déi den Owend um Dësch géinge leien net mat den Ëmweltambitioune vun der Europäescher Unioun vereenbar wieren. Donieft wier de Vott och ëm een Dag no vir verluecht ginn, wat villen Deputéierten net genuch Zäit ginn hätt fir d’Texter richteg ze liesen.
Den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen seet dass dat net de Fall wier. All Parteien hätten am Ufank mat um Dësch gesiess, mee déi Gréng Fraktioun hätt aus eegene Stécker d’Verhandlunge verlooss.
Fir déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz ass kloer dass d’Subventiounspolitik vun der EU muss changéiere fir d’Suen besser ze verdeelen. Et sollte méi Suen un kleng- a mëttelstänneg Bauerebetriber goen, a net u grouss Konzerner.
Donieft soll sech op drop konzentréiert ginn dass manner intensiv Déierenhaltung stattfënnt, an dass d’Weeër vun der Landwirtschaft méi kuerz ginn, also dass Iesswuere manner laang duerch Europa hin an hir transportéiert ginn.
Fir de Christophe Hansen gi mat de Kompromësser vun der Majoritéit am Europaparlament d’Ëmweltziler besser erreecht. 30% vun direkte Payementer un d’Bauere misste mat de Kompromësser vu senger Fraktioun an Ëmweltziler fléissen.
Den Owend leie bei de Kompromësser vun der Reform vun den Agrarsubventiounen iwwregens iwwer 1000 Amendementer vir.