[REPORTAGE] Keng Eestëmmegkeet méi? Goerens virsiichteg, Bach dofir

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 25. Januar ausgestraalt ginn. D’Europäesch Kommissioun wëll dass bei Steierfroen an d’Zukunft d’eestëmmegt Averständnis am Europäesche Conseil net méi gebraucht gëtt. Lëtzebuerg géif esou säi Vetorecht zu Bréissel verléieren. De Finanzminister Pierre Gramegna huet sech dogéint ausgeschwat.