[Reportage] Weltwirtschaftsforum zu Davos: Interview mam Xavier Bettel

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 23. Januar iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Dës Woch fënnt zu Davos an der Schwäiz de Weltwirtschaftsforum statt. De Premierminister Xavier Bettel ass zu Gaascht.

De Xavier Bettel ass secher net déi bekannste Perséinlechkeet um Weltwirtschaftsforum zu Davos, wou sech d’Elite vu Wirtschaft a Politik all Joer Rendez-vous gëtt. Am Gank vum Hotel Belvédère gëtt vereenzelt Moie gesot, mee op halwer Streck leeft eis den Tony Blair iwwert de Wee, dee grad eng Ried ginn huet, an op déi nächst Konferenz geet. De Xavier Bettel bleift stoen a potert eng Minutt, ier en dem Mikro Ried an Äntwert steet.

Et wier haut méi einfach wéi an der Zäit fir Lëtzebuerg als Land zu Davos ze présentéieren, esou de Premier.

Aner Länner gi vill Suen aus fir Pavillon’en a ganz Heiser op de Promenade zu Davos. Dovun hällt de Xavier Bettel näischt.

Als Reaktioun op d’Ried vum amerikanesche Präsident seet de Premier dass ee gewinnt wier dass den Donald Trump reegelméisseg seng Meenung ännert. Europa géif zesummen halen. Dem Trump seng Aussoen iwwer een Handelsaccord mat Groussbritannien hëllt de Xavier Bettel net ze eescht.

Dës Woch war et dann och d’Annonce dass Groussbritannien eng Steier op groussen digitalen Entreprise wëll erhiewen, wat als « Digitalsteier » bekannt ass. Lëtzebuerg hat sech bei eng EU-Digitalsteier skeptesch gewisen, aus Grënn vun der Konkurrenzfähegkeet. Dofir bréicht een global Léisung. Et sollt net nëmmen drems goen fir Budget’en ze sanéieren.

De Xavier Bettel huet gesot dass hien an enger ganz Rëtsch Entrevuen zu Davos war, mee dass hien zu dësem Zäitpunkt keng Annoncen iwwer Mouvementer an der Welt vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg kéint maachen.

 

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s