[Reportage] Impressioune vun Davos 2020

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 22. Januar iwwerdroe ginn.

USO : Dës Woch fënnt zu Davos an der Schwäiz de Weltwirtschaftsforum statt. De Bill Wirtz ass sur place, a bréngt e puer Impressioune mat.

« Eleng wéinst dem Weltwirtschaftsforum behalen ech mäin Haus », seet mir eng Madamm zu Davos, op 1500 Meter Héicht. Viru laanger Zäit hat si driwwer nogeduecht fir ze plënneren, mee all Joers, wann all Hotel ausgebucht ass fir de “World Economic Forum”, kann si hir Wunneng fir ee kléngt Verméige verlounen.

Zu Klosters, wat d’Partnerduerf vun Davos ass a wou och vill begeeschtert Schifuerer iwwernuechten, ass et d’selwescht. Eemol d’Joer fléien d’Helikopteren iwwer d’Duerf, an déi wichtegst Persounen aus Wirtschaft a Politik maache sech an dëser verschlofener Uertschaft breet. Wann d’Luxus-Limousinen vun de Präsidenten a Premierministeren d’Stroossë net blockéieren, da sinn et Demonstranten. An dee leschte Joeren waren et virun allem d’Klimaaktivisten.

“Power to the people”, “Muecht un d’Bevëlkerung”, néierens schéngt dat esou wäit fort wéi zu Davos. Verschidde Badgen brauch een fir op verschidden Evenementer an Receptiounen eran ze kommen. Wie net déi richteg Käertchen ëm den Hals hänken huet, dierf op verschiddene Plazen emol net den Trettoir benotzen. Et ass net firnäischt d’Konferenz vun der Elite.

Wien sech e bëssen organiséiert an eng Visitekärtche matbréngt, dee muss allerdéngs fir Iessen an Drénke näischt ausginn. Receptioune gëtt et genuch, a vu que dass jiddereen iergendwéi kéint wichteg sinn zu Davos, gëtt een och ëmmer als wichteg behandelt.

Déi Schwäizer Police ass währendeems op Héichtueren, besonnesch nodeems Russesch Spiounen sech als Handwierker verkleet haten an erwëscht goufen.

De Weltwirtschaftsforum ass ee komesche Mikrokosmos deen iergendwéi gläichzäiteg signifikante Business-Networking, an och eng politesch Show ass. Vum nächste Joer, gëtt op alle Fall elo scho geschwat.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s