[Reportage] Christophe Hansen huet Bedenke bei neier Klima-Mesure, bedauert Tilly Metz Vote

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert an ass den 10. Januar iwwerdroe ginn.

D’Weltklimakonferenz COP25 zu Madrid hat wéineg opweises wat nei Mesuren ugeet, an och innerhalb vun der Europäescher Unioun, a souguer bei de Lëtzebuerger Europadeputéierten ginn et Differenzen.  

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen huet mat enger Delegatioun un der COP25 dellgeholl, an erkläert dass et éischter eng “technesch COP” war, an där et u politeschen Décisioune gefeelt huet.

D’Europaparlament hat sech op d’COP25 am November mat enger Resolutioun virbereed. Den CSV-Politiker huet do Kritik un enger bestëmmtener Persoun.

Et war d’Tilly Metz vun déi Gréng déi “Nee” gestëmmt hat. De Bureau vum Tilly Metz confirméiert iwwer Telefon dass si dogéint gestëmmt huet well déi Europäesch Vollékspartei een Amendement an d’Resolutioun dra gesat huet an deem Atomkraft als Deel vun de Léisungen vum Klimawandel beschriwwe gëtt. Dat hätt si net kënnen aceptéieren, och wann eng Rëtsch aner Grénger de Kompromëss zougelooss hunn.

Viru kuerzem huet d’Europäesch Kommissioun de European Green Deal virgestallt, mat deem si géint de Klimawandel wëll virgoen. Eng vun de Proposen heescht “carbon border adjustment”. Hei wëll d’EU verhënneren dass Entreprisen a nët-EU Staate produzéieren fir Ëmweltstandard’en ze ëmgoen.

De Christophe Hansen ass skeptesch, well et déi europäesch Kompetitivitéit erof setzen, besonnesch am Stolsecteur. Den Import wier dann villäicht um level-playing-field, mee wann EU-Stool exportéiert gëtt, dann bleift an defavoriséiert.

Et misst een dofir Kloerheet schaafen wéieng Secteuren betraff sinn a wéi eng Transitiounsperiod kéint ausgesinn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s