Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 13. September gelaaf. De ganze Beitrag an Audio fënnt een hei.
D’Europäesch Unioun iwwerschafft déi allgemeng Agrarpolitik, déi ënnert anerem d’Subside fir d’Bauere geréiert.
Zu Bréissel muss een dofir awer fir d’éischt nach ee gemeinsamen Nenner fannen.
Am neien EU-Budget hat déi lescht Europäesch Kommissioun 15% manner fir déi allgemeng Agrarpolitik virgeschloen. Déi europäesch Landwirtschaft soll mat manner Budget méi gerecht a méi ëmweltfrëndlech produzéieren.
D’Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz ass Member an der Ëmweltkommissioun vum Parlament an huet do Afloss iwwer d’Reform. Si erkläert, dass am Moment d’Quantitéit bei de Baueren eng Roll spillt, well just gekuckt géing ginn, wéi vill Land de Bauer huet an net wéi e produzéiert.
Déi gréng Europadeputéiert seet, dass hir Partei eng Agrarpolitik wéilt, déi vill méi drop kuckt, dass d’Aarbecht vum Bauer geschätzt gëtt a wou op Qualitéit gesat gëtt.
Ee Sujet bei der Qualitéit ass och d’Benotze vu Pestiziden. Déi Gréng si géint d’Benotze vu Pestiziden a wëllen ee Phase-out vun deene Mëttelen.
A très long terme wéilten déi Gréng duerch politesch Instrumenter dozou bäidroen, dass d’Landwirtschaft an Europa zu 100% Bio wier. Bis dohi wier et allerdéngs nach ee laange Wee.
Frou ass d’Tilly Metz awer elo schonn, dass déi responsabel Kommissiounen am Parlament zu Bréissel sech méi no kommen, fir Changementer ze maachen. Déi Gréng wéilten eng méi radikal Reform, mä si géingen och verstoen, dass hei op Kompromëss misst geschafft ginn.
Fréistens am November kann ee sech Propose vun der Ëmwelt- an Agrikulturkommissioun erwaarden.