[Reportage] E puer Méint Brexit-Verzögerung kéinten hëllefen

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 12. September gelaaf. De ganze Beitrag an Audio fënnt een hei.

D’Fro, déi sech gestallt gëtt: Kënnt et zu Neiwale fir d’Parlament a wa jo blockéiert Frankräich eng nei Verzögerung vum Brexit oder net? Wann déi britesch Regierung an d’Parlament bis den 31. Oktober keng Léisung fannen, da kënnt et zum Austrëtt ouni Accord, also een No-Deal.

De Charles Goerens, elo Vize-President vun der Commission des affaires consitutionnelles am Europaparlament erkläert, dass d’Europaparlament d’nächst Woch eng Resolutioun debattéiert an ofstëmmt, an där déi verschidden Zeenarien analyséiert ginn. Ee Sujet ass do och d’Verlängerung.

Den DP-Politiker ass oppe fir eng nei Verlängerung vum Brexit-Dag a seet, dass et déi Méint kéint Wäert sinn, am Fall, wou d’britescht Parlament endlech zu engem Schluss kënnt.

Wat een No-Deal-Zeenario fir Lëtzebuerger Studenten a Groussbritannien, oder fir Leit déi ee Vol iwwer London gebucht hunn, heescht, wier schwéier soen. De Charles Goerens mengt, dass et hei net vill kloer Äntwerte ginn. D’EU huet e puer “contingency plans” (Noutfallpläng) gemaach, fir mat dëse Situatiounen ëmzegoen.

Eestëmmeg schéngt awer an der Europäescher Unioun ze sinn, dass et just zu enger Verlängerung vun der Austrëttsprozedur komme kann, wann d’Parlament a Groussbritannien bis weess, wéi et dann elo genau aus der EU austriede wëll.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s