Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.
Failliten ginn em 14 Prozent zréck
Um Dënschde schreift de Quotidien dassd’Faillitten am Grand-Duché zréck gaange sinn.
“C’est ce qu’a constaté Creditreform Luxembourg qui vient de réaliser son analyse sur l’évolution des déconfitures sur les six premiers mois de l’année en cours. Il y en a eu 457 contre 533 en 2016.”
Dat ass eng Reduktioun vu 14% am Verglach zu där selwechter Period d’lescht Joer. Besonnesch am Bau wieren d’Faillitten drastesch vu 26% op 6,3% gefall.
“La baisse des déconfitures au Luxembourg n’est pas une exception dans la Grande Région. L’Allemagne a annoncé une baisse de 4,2 %. Dans la région de Trèves, la chute est encore plus spectaculaire : 28 %, note Creditreform qui s’attend pour cette année à «une continuation de cette tendance positive».”
20 Atomstroumgéigner kréie Press
D’ass Tour de France dës Woch an och soss iergendwéi näischt, dowéinst huet den RTL um Dënschden och missen déi 20 Atomkraaft Géigner couvréieren déi sech op der Musel gesammelt haten. Protestéiert gouf do géint déi eenzeg viabel Manière fir genuch Stroum bezuelen déi gläichzäiteg sécher an och bëlleg fir de Verbraucher ass.
Zum Sujet: Angscht virun Cattenom gëtt eis AN der Ëmwelt eng deier
“Schonn e Méindeg goufe Plakater laanscht de Parcours vum Tour de France opgehaang mam Motto “Vëlo jo gären, Atom nee Merci”. Fir de Réimecher Buergermeeschter Henri Kox war et selbstverständlech, datt seng Gemeng d’Aktioun matënnerstëtzt, schliisslech géife wichteg Politiker op deem Sommet ukommen.”
Och zum Sujet: D’Mäerche vum informéierte Grénge Politiker
“Le parlement européen est ridicule”
Um Dënschden huet den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an der Plenière vum Europäesche Parlament zu Stroossbuerg erkläert dass d’EP “ridicule” wier.
Enfin huet de Jean-Claude Juncker de Nol op de Kapp getraff.
Zum Sujet: European Parliament Rightfully Called Ridiculous – Newsmax
Bei de Banke weisen d’Zuelen no ënnen
Dat schreift um Mëttwoch de Quotidien:
“Le chiffre est en baisse, mais reste tout de même élevé. Mardi, la Banque centrale du Luxembourg a informé que la somme des bilans des établissements de crédit s’élevait à la fin mai à 770 908 millions d’euros.”
Wat ass “ressourcenschonendes Wachstum”?
Um Mëttwoch hat d’Lëtzebuerger Wort een Artikel iwwer de Mouvement écologique seng Positioun a Saache Rifkin-Etude. Bon, d’ass de Mouveco, also konnt mer vun Ufank un net vill erwaarden. Erstaune muss een dann awer bei dësem Saz:
“Der Méco erinnert hierbei daran, dass es in seinen Augen kein „ressourcenschonendes Wachstum“ gebe.”
Dat Wuert muss een sech emol der Zong ergoe loossen. “Ressourcenschonendes Wachstum”. Genau wéi Sandbuerge bauen ouni Sand oder eng Piscine ouni Waasser bedreiwen, wëll eis lieblings Ëmweltorganisatioun zu Lëtzebuerg méi produzéieren ouni dofir iergendwéi Ressourcen ze benotzen.
Grondsätzlich ass kloer wat Mouveco oder Greenpeace wëllen: Manner Energieverbrauch duerch méi niddreg Consommatioun. Wat falsch ass, ass dass Politiker mengen si kéinte Wuesstem kontrolléieren a fir nobel Zwecker “an di richteg Richtung” leeden. Dobäi huet Kontroll vun der Ekonomie ee Präis, an zwar deen, dass en Innovatioun verhënnert. Wa mir viru 50 Joer den Auto verbueden hätten, dann hätt en net déi technologesch Avancen a Saache Spritverbrauch gemaach déi mir haut hunn. Déi eenzeg déi Wuesstem steiere sinn Individue mat hier Demanden a Besoin’en.
Zum Sujet: Eng statesch gréng Weltvue
Inflatioun geet zréck
Um Mëttwoch mellt de Paperjam dass d’Inflatioun am Juni vun 1,7% op 1,5% gefall ass. Dovu sinn och d’Energiekäschte betraff:
“Le mois dernier, les automobilistes ont dû débourser 1,2% de moins pour un litre de diesel, et 0,5% de moins pour un litre d’essence, alors que le mazout a lui baissé de 2,3%.”
Geldstrof wéint Haasskommentarer op Facebook
Um Donneschden dann schreift d’Lëtzebuerger Wort dass eng Fra viru Geriicht zu 500 Euro Geldstrof veruerteelt ginn ass well se folgendes op Facebook kommentéiert hat:
“Lol, ech warden op den Daag wou sou eng « Schlampe » dei geeschteg mannerbemettelt inzucht Produkter do esou bei d’Mauer klatscht dass hinnen de pedo-Prophet zu den Oueren erausleeft”
Nee serieux, d’Wort huet dat wierklech esou ofgetippt…
Containerland geet op
D’ass net grad wéi d’Phantasialand: Um Freiden huet zu Beetebuerg d’Containerland seng Dieren opgemaach. Dat schreift d’Tageblatt:
“Ein wichtiger Schritt in Richtung Logistikstandort Luxemburg ist am Freitag in Bettemburg vollzogen worden. Das neue intermodale Terminal von CFL Multimodal, einem Tochterunternehmen der Luxemburger Eisenbahngesellschaft CFL, wurde in Anwesenheit vieler Minister und des Großherzoges eingeweiht.”
Dëse Komplex huet eng Gesamtfläch vun 30,000 Quadratmeter.
LCGB wëll den 10-Deeg Pappecongé
An der hëtzeger Diskussioun ëm de Pappecongé, bei deem an der Regierung doriwwer diskutéiert gëtt fir en erop ze setzen, huet d’Gewerkschaft LCGB sech dofir ausgeschwat en op 10 Deeg ze setzen. Dat sot den LCGB-President Patrick Dury am Freiden am Interview op Radio 100,7.
“Zënter d’EU-Kommissioun proposéiert huet, datt all d’Memberstaaten e Pappecongé vun 10 Deeg sollen aféieren, ass d’Diskussioun och hei am Land nei lancéiert. Bannent der Lëtzebuerger Regierung ginn d’Positiounen auserneen: Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit sot, hie wier “perséinlech dofir” d’Propose vun der EU-Kommissioun ëmzesetzen. D’Familljeministesch plädéiert iwwerdeems dofir am Moment bei fënnef Deeg ze bleiwen. Dat wier “d’Resultat vu Verhandlunge” mat Patronat a Gewerkschaften.”
Anonym SIM-Karte verbueden
Wéi de Paperjam um Freide mellt huet, sinn d’anonym SIM-Kaarten elo am Grand-Duché verbueden. Wien Terorrist war an anonym telefonéiere wollt muss solch Kaarte missen nach virum 13. Juli kafen, ier d’Reegel a Kraaft trëtt, well déi déi nach virum Delai kaaft ginn nach virun aktiv bleiwe wäerten.
Etienne Schneider wëll absolut Premier ginn
Dat huet den aktuelle Vize-Premierminister Etienne Schneider am RTL Background am Gespréich um Samschden confirméiert. Wann déi aktuell Dräier-Koalitioun géif viru gefouert ginn, wéilt de LSAP-Wirtschaftsminister de Poste vum Premier iwwerhuelen.
[…] dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei. An deene nächste Wochen wäert de Réckbléck vun der Woch net […]