Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei. An deene nächste Wochen wäert de Réckbléck vun der Woch net erschéngen.
Lëtzebuerger minoritaire an 11 Gemengen am Land
Um Méindeg huet de Statec eng nei demografesch Etude iwwert de Grand-Duché verëffentlecht. Aus dëser geet erfir dass an 11 Gemengen zu Lëtzebuerg méi Auslänner wéi Lëtzebuerger wunnen. De Quotidien schreift dozou:
“Si la capitale est le premier pôle de ressortissants étrangers dans le pays, elle n’est pas la seule dans ce cas. En tout onze communes comptent plus de résidents étrangers que de résidents luxembourgeois. On peut notamment citer les communes de Strassen (61,6%), d’Hesperange (54,1%), de Bertrange (54%) ou encore les villes du sud situées dans l’ancien bassin minier comme Esch-sur-Alzette (57,2%) ou encore Differdange (55,9%).”
Gramegna net iwwerzeegt vun Moscovici-Plang
Den DP-Finanzminister Pierre Gramagna huet seng Zweifel un dem Plang vum EU-Commissaire Pierre Moscovici fir géint “abusiv” Steieroptimiséierung firzegoen. Dat schreift en Dënschden de Paperjam. Virdrun hate schon Finanzexperten vu Firmen wéi BDO an KPMG zu Lëtzebuerg dës Pläng kritiséiert.
“Il a même évoqué le caractère «irréaliste» du plan proposé par le Commissaire européen Pierre Moscoviciet s’est montré «soucieux» de l’impact que pourraient avoir les dispositions envisagées par Bruxelles.”
Méigleche Chineseschen Akaf bei der BIL
Wéi d’Lëtzebuerger Wort e Dënschden mellt ass déi Chinesesch Legend Holdings Corporations a Gespréicher fir bei der Lëtzebuergescher BIL anzesteigen.
“Es gebe Gespräche zwischen Legend und Precision Capital, einem Investmentvehikel der königlich katarischen Familie, über den Kauf einer 90-Prozent-Beteiligung an der luxemburgischen Bank, so Reuters. Die Nachrichtenagentur zitierte Branchenexperten, die von einem Kaufpreis von einer bis anderthalb Milliarden Euro ausgehen. Die Transaktion werde wahrscheinlich in den kommenden Wochen vollzogen, hieß es.”
Momentan ass de Lëtzebuerger Staat och mat 10% un der Bank bedeelegt.
Eischt Biller vum Tram
De laang ëmstriddenen Tram ass um Mëttwoch fir déi éischte kéier als Test op d’Streck gaangen, bericht den RTL.
“Géint 9.30 Auer e Mëttwoch de Moien war et souwäit, den Tram ass fir eng Testfaart déi éischt Meteren iwwert d’Avenue J. F. Kennedy gefuer. Den Infrastrukturminister François Bausch, d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an d’Verkéiersschäffen Sam Tanson, souwéi déi ganz Presse ware bei dësem historesche Moment dobäi.”
Méi Suen fir d’Arméi
Um Donneschden dann schreift de Paperjam dass d’Regierung um Plang festhällt fir bis 2020 de Militärbudget ze verduebelen, an och duerno weider méi Ausgaben an deem Beräich ze tätegen.
“Parmi les «Lignes directrices de la défense luxembourgeoise 2025+» annoncées par la secrétaire d’État à la Défense Francine Closener, et le chef d’état-major de l’armée, le général Romain Mancinelli, on retrouve des investissements dans des drones de reconnaissance, le développement «conséquent» de la composante aérienne, ou encore l’élaboration d’une stratégie industrielle, de l’innovation et de la recherche dans le domaine de la défense.”
Stengefort weider géint Flüchtlingsstrukturen
Um Donneschden mellt de Radio 100,7 dass d’Gemeng Stengefort weiderhinn am Sträit mat der Regierung iwwer déi geplangten Struktur fir Flüchtlingen ass.
“Et misst eng Wunnstruktur ginn, och fir “normal Leit”, fir Jonker, déi eng Wunneng sichen, an och fir Leit, déi Hëllef brauchen, seet hien [Jean-Marie Wirth, Buergermeeschter vu Stengefort]. Déi Wunnenge missten awer an enger oppener Struktur sinn, an net esou, wéi de Minister et geduecht hat, wou ronderëm zou ass, an wou den Accès kontrolléiert gëtt.”
Star Wars Zitater an der Chamber
Um Freideg huet den LSAP-Deputéieren Franz Fayot dofir gesuergt dass emol nees eng Chamber-Debatt um RTL land. An enger Diskussioun em Space Mining huet den Deputéierten vu “där heller an däischterer Säit geschwat”. De Video kann een um RTL Site kucken.
Wou gëtt zu Lëtzebuerg akaaft?
Déi Fro beäntwert, wéi de Paperjam um Freideg schreift, d’TNS-Ilres.
De Syfel ass net enchantéiert iwwert den Avis vum Staatsrot
Wéi den RTL um Samschden mellt, ass de Syfel, also d’Associatioun vun de Kierchfabriken, net begeeschtert iwwer de rezenten Avis vum Staatsrot, deen am Sträit zwëschen de Kierchefabriken an der Regierung hëllefe soll ze tranchéieren.
“Déi héich Kierperschaft schwätzt jo net vun Enteegnungen, wann d’Verméige vun de Fabriques d‘église an de Fong iwwergeet. Dat kann de Marc Linden net novollzéien a stellt sech d’Fro, wéi een dat da géif nennen. 250 Kierchefabricken hate jo an der Vergaangenheet schonn d’Enteegnung ugeprangert. Hei kéint een an der Laie-Sprooch esouguer vu Vol schwätzen, mengt de Vizepresident vum Syfel.”
Google Data-Center kënnt op Biissen
Wéi de Radio 100,7 um Samschde gemellt huet ass d’Regierung sech mat Google eenz ginn fir dat geplangtent a grousst Data-Center zu Biissen ze bauen.
“Ee vun de Proprietairë war bis gëschter net bereet säin Terrain ze verkafen. Och wann et dobäi géif bleiwen, kéint dat de Projet net méi a Gefor bréngen, soe Sourcen, déi no um Dossier sinn. Et géif just ëm ee klengt Stéck Land um Bord vum geplangte Site goen.”