Gitt der Fondation Cancer keng Sue méi

Stellt iech vir, ech géif iech eng Organisatioun presentéieren déi aktiv dofir suergt dass aarm Leit krank ginn, dorënner besonnesch Jonker, an déi indirekt dem internationalen Terrorismus hëlleft. Géift dir dës Organisatioun weider ënnerstëtzen, besonnesch finanziell?

D’Fondatioun Cancer ass zu Lëtzebuerg fir hier radikal anti-Tubak Positioune bekannt. Dorop opmierksam maachen dass d’Fëmme gesondheetlech Risike mat sech droe kann, ass eng Saach. D’Iwwerreguléierung vum Marché mécht d’Leit awer wuertwiertlech krank. An eisem Nopeschland Frankräich huet d’Regierung elo annoncéiert de Präis vum Zigarettepak op 10 Euro erop ze setzen: Politiker mat héije Revenue’en wäert dësen Ënnerscheed wéineg beandrocken. Leiden ënnert dëser Politik wäerte virun allem Leit mat geréngem Akommes, déi, maache mer eis näischt fir, net einfach mam Fëmmen ophale just well d’Politik et wëll. 15 Prozent vum Franséischen Zigarettemaart sinn elo schon falsch Zigaretten, an dësen Undeel wäert erop goen, esou laang mir menge mir kéinten dëse Maart reguléieren.

Et wäert net laang dauere bis och déi Lëtzebuergesch Anti-Tubaks-Lobby, dorënner virun allem d’Fondation Cancer, mat esou enger Propose ugeschäert kënnt. D’Resultat dovu wäert sinn dass jonk Fumeure mat geréngem Täschegeld op Strossendealeren zeréck gräifen, déi sech da strategesch virun de Lycée’en positionnéieren. Dës falsch Zigarette sinn immens geféierlech: Si enthalen oft Saache wéi Meis-Exkrementer oder Insektelarven a sinn immens schiedlech fir d’Gesondheet. Benotzt ginn oft Filteren aus Plastik (amplaz vu Kotteng), wouduerch Leit den Damp duerch erhëtzte Plastik anootmen. Et ass schwéier virstellbar dass eng gutt gesondheetlech Iwwerleeung fir 16-Järeger ass.

De fils à papa deen elo scho mam Auto an d’Schoul gefuer kënnt wäert sich vu solche Präiserhéijungen net beandrocke loossen. Alles wat esou Mesurë maachen ass Jonker an Erwuessener mat manner Suen op laang Zäit krank ze maachen, well si um Schwaarzmaart Zigarette kafen. Bis elo ass dëse Phenomen am Grand-Duché nach net esou verbreet, mee wann mir virun den Tubakskonsum mat Gesetzer probéieren ze ënnerdrécken, dann zéie mir eis d’Dealeren och an d’Land. An dat wier dann d’Mat-Schold vun Organisatioune wéi der Fondation Cancer. Si wäerten sech net gi bis och dee leschte Fumeur an d’Illegalitéit gedriwwe gouf, a këmmeren sech wéineg drëm wéieng fuerchtbar Konsequenzen dat huet.

De Franséische Centre d’analyse du terrorisme huet gewisen dass 20 Prozent vun de Ressourcen vum internationalen Terrorismus aus dem Geschäft mat falschen Zigarette kënnt. Organisatioune wéi d’IRA, Al-Quaida oder den Islamesche Staat finanzéieren domat hier Aktivitéiten.

D’Fondation Cancer ka ganz gären Opklärungsaarbecht iwwer d’Risike vun Tubak maachen, mee déi Präis- a Reguléierungspolitik déi si virschloen ass ongesond a geféierlech. Raisonnabel Lëtzebuerger, dorënner besonnesch Eltere vu Jugendlechen, mussen sech froen op de Finanzement vun esou enger Fondatioun fir si nach Sënn mécht.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s