D’Mäerche vum informéierte Grénge Politiker

Dësen Artikel ass eng Äntwert op de Lëtzebuerger Wort Lieserbréif “D’Mäerche vum bëllegen Atomstroum” vum déi Gréng-Député-maire Henri Kox vum 29. Oktober. De Buergermeeschter vu Réimech hat op mäin Artikel Angscht Virun Atomenergie Gëtt Eis AN Der Ëmwelt Eng Deier reagéiert, deen den 22. Oktober am Lëtzebuerger Wort verëffentlecht gouf.

Den 22. Oktober hunn ech een Artikel verëffentlecht an deem ech beschreiwe wéi déi irrational Angscht, gedriwwen duerch Falschinformatiounen duerch Ëmweltschützer a gréng Politiker, eis duerch steigend Energiepräisser a CO2-Émissiounen eng deier gëtt.

Ech wollt vir allem ufänken andeems ech dem Här Kox Merci soe fir seng Äntwert. Wien doru gezweiwelt huet dass gréng Politiker ouni faktescht Grondwëssen un d’Diskussioun Nuklearenergie eru ginn an Angscht verbreeden, deem huet den Henri Kox de wichtege Beweis beluecht. Et kann een et dem Député-maire och net verdenken: Mat dem Slogan “et ass alles an der Rei” kritt een och keng Wielerstëmmen.

Obwuel den Accident op an der Anlag Fukushima 1 effektiv Schied mat sech bruecht huet un deenen och nach momentan geschafft gëtt fir se ze behiewen, sou ass et faktesch falsch ze behaapten dass d’Awunner a grousser gesondheetlecher Gefor wieren oder d’Regioun net bewunnbarwier.

Der Weltgesondheetsorganisatioun no war de Risiko un allgemenger Kriibserkrankung vun den Awunner an der direkter (!) Noperschaft ëm grad emol 4% méi héich am Joer 2013. De Comité fir d’Ënnersichung vun den Effekter vu radioaktiver Strahlung vun de Vereenten Natiounen huet  am selweschte Joer de Risiko an der Nopeschregioun op ee vergläichbare Risiko geschat “wéi deen deen een hëlt wann een Auto fiert”.

Den Henri Kox seng Wuertwahl ass jo och prezis. Wann hie vun “Affer vun der Katastroph schwätzt”, da mengt hien déi Leit a Japan déi duerch d’Séibiewen an déi doduerch veruersaachten Iwwerschwemmungen ëmkomm sinn, an net déi Leit aus der Zivilbevëlkerung déi der Radioaktivitéit zum Affer gefall sinn. D’Unzuel un den Doudegen (net Mataarbechter vun Tepco) duerch radioaktiv Strahlung ass nämlech ganz genau a prezis : 0.

Ech kann dem Här Kox seng Angscht virum fräie Maart, also der Privatiséierung vum Energiemaart och net ganz novollzéien, seet hien dach selwer a sengem Artikel dass et senger Meenung no um fräie Maart keng Atomzentrale méi géif ginn. Viru wat huet hien dann Angscht? Souguer wa mer eis emol wirtschaftlech onschlau maachen andeems mer all Facteur vun Innovatioun erausrechnen an einfach emol unhuelen dass dem Buergermeeschter vu Réimech seng ekonomesch Analys stëmmt, da misst dach d’Privatiséierung vum Energiemarché genau dat sinn wat hie verlaangt! La fin du nucléaire, tant mieux!

D’Conclusioun ass einfach: Dir kënnt an der Diskussioun ëm Cattenom a co. mat sachlechen Argumenter handelen an iech fir eng méi sécher Energiepolitik an der Privatwirtschaft (déi sech bewisen huet) asetzen. Oder dir kënnt mat falschen Aussoen Angscht schüren an doduerch dem Alldagsbierger seng Stroumpräisser wëllentlech (genau wéi an Däitschland) duerch de Plafong dreiwen. Den Här Kox huet seng Säit op alle Fall gewielt.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

3 Responses

  1. I’m not sure if the total privatization of nuclear facilities would be the best solution, but I agree 100% with you on the ignorance of our green politicians concerning energy matters, especially nuclear. They have no idea that smaller nuclear facilities like flow reactors (molten salt reactors) could be the best reliable and safe solution for non-intermittent base load electricity. Alas, Luxembourg’s greens are like puppies following the German whistle and hysteria, and scaring people is their most effective political tool to push their agenda….

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s