Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.
D’TVA huet d’Alzénger Oktoberfest gekillt
Wéinst dem immense Succès vum Alzenger Oktoberfest muss d’Organisatioun ab elo op hier Verkeef TVA bezuelen: Eppes wat bis elo net de Fall war. Dat schreift den RTL um Méindeg. D’ASBL Päerdsfrënn Uelzechtdall Hesper déi dëst Fest organiséiert, wier net am Gréissteverhältnis zu deem Ëmsaz déi si géife maachen, esou d’Steierkees, déi hiren Deel vum Kuch gären hätt. Resultat: Dëst Joer fält d’Fest an der Hespergemeng aus. 2018 soll et da weidergoen, dann awer mat méi héije Präisser. Merci dem Papa Staat dofir.
D’CSV rullt d’Thema Burkaverbuet nees op
Um Méindeg mellt d’Lëtzebuerger Wort dass d’CSV-Fraktioun de Sujet Burkaverbuet nees ausgerullt huet. D’lescht Joer hat de Staatsrot no enger méi spezifescher Legislatioun gefrot, wouropshin d’Regierungsparteien eng Kertwende op dësem kontroverse Sujet gemaach hunn.
“Besonders die Position der DP hatte sich zu dem Zeitpunkt “entwickelt”, das Thema war nicht mehr tabu. Die Liberalen sprachen sich in der Folge für das sogenannte niederländische Modell aus: Keine Vollverschleierung also in Schulen und auf öffentlichen Plätzen.“
Zum Sujet: D’Regierung spréngt mam Burkaverbuet am Seel vun der CSV
Associatioun fuederen méi Promotioun vum Auslännerwahlrecht bei de Gemengewahlen dëst Joer
Wéi de Paperjam um Dënschden mellt, hunn 11 Associatiounen zu Lëtzebuerger, dorënner d’ASTI, den OGBL, LCGB an d’Caritas Lëtzebuerg.
“Si la législation nationale en matière de participation des étrangers aux élections communales est «relativement généreuse» sous certains aspects, elle l’est moins sous d’autres, poursuit le collectif pour qui les conditions d’admission au vote ajoutées à la situation linguistique du pays peuvent expliquer la faible participation des résidents non luxembourgeois à ces élections, avec le risque de déficit démocratique que cela représente.”
D’Associatioune fuerderen des Weideren dass d’Residenzklausel vu 5 Joer, déi een am Moment muss konsekutiv am Grand-Duché wunnen, opgehuewe gëtt.
“Et sëtzt en Terrorist am Zuch fir op Rodange”
Dat soll eng Persoun an engem CFL-Zuch um Mëttwoch der Police gemellt hunn, schreift den RTL.
“D’Mataarbechter vun den CFL hunn d’Police alarméiert, d’Beamte si mat Hënn fir eng Kontroll duerch den Zuch gaangen. Fonnt hu si näischt. Mat enger hallwer Stonn Verspéidung konnt den Zuch du fortfueren.”
Statec bleift optimistesch
Obwuel dat Lëtzebuergesch Statistik-Institut viru kuerzem nach eng Stagnatioun beim Bruttoinlandprodukt annoncéiert hat, sollen et awer gläichzäiteg gutt Zeeche ginn, sou schreift de Paperjam um Mëttwoch:
“Une semaine après avoir fait part d’une progression du produit intérieur brut (PIB) en volume de seulement 0,1% au terme des trois premiers mois de cette année (3,3% en comparaison annuelle), le Statec a indiqué ce mercredi dans une nouvelle note de conjoncture que si ces premiers chiffres pour 2017 pouvaient sembler décevants, ils reposaient avant tout sur «une base trop parcellaire pour en dégager un diagnostic bien assuré».”
An awer:
“[…] s’ajoutent une bonne performance des marchés boursiers européens et – au niveau national – une bonne tenue des services non financiers (en progression de 2,2% sur un trimestre), des indicateurs de confiance toujours relativement élevés chez les entrepreneurs de l’industrie et de la construction, et des crédits aux entreprises dont la tendance reste toujours favorable.”
Burkaverbuet: Gesetzprojet nach virun der Vakanz
Nodeems d’CSV um Méindeg no Clarificatiounen am Thema Burkaverbuet vun der Regierung gefrot hat, huet de Justizminister Felix Braz um Donneschden dem RTL confirméiert dass an deene nächste Wochen ee Gesetzprojet op de parlamentaresch Wee wäert geschéckt ginn.
Zum Sujet: Burkaverbuet ass Fräiheetsverbuet
“Wat um Enn awer am Gesetz soll stoen, iwwert dat d’3er-Koalitioun sech eens gëtt, dat gi mer dann eréischt an e puer Wochen gewuer.”
Aarbechtslosegkeet geet zréck
Um Donneschden mellt d’Tageblatt dass d’Zuel vun de Beschäftegten am Grand-Duché an deenen éischten dräi Méint vun dësem Joer ëm 0,7% an d’Luucht gaangen ass.
“Insgesamt arbeiteten Ende März 392.792 Angestellte in Luxemburg. Das waren rund 2.730 Personen mehr als noch Ende Dezember. Gegenüber dem Vorjahr war es eine Steigerung von 3,3 Prozent. Das geht aus den neuesten Zahlen des Luxemburger Statistikamtes Statec hervor.”
De JCJ kritt eng Postkaart
Well bekannt wier dass de Lëtzebuergesche Kommissiounspresident net grad dee Modernsten ass (hie benotzt kee Smartphone), huet den Estnesche Premierminister Jüri Ratas him eng Postkaart geschéckt fir hien op Tallinn ze invitéieren. Dat schreift um Freiden d’Lëtzebuerger Wort.
“Juncker antwortete darauf ebenfalls mit einer Postkarte und schrieb in Anspielung auf Estlands Vorreiterrolle bei der Digitalisierung: „Ich dachte, in Estland gibt es gar kein Papier mehr.“”
[…] Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei. […]