D’Mäerche vum informéierte Grénge Politiker

Dësen Artikel ass eng Äntwert op de Lëtzebuerger Wort Lieserbréif “D’Mäerche vum bëllegen Atomstroum” vum déi Gréng-Député-maire Henri Kox vum 29. Oktober. De Buergermeeschter vu Réimech hat op mäin Artikel Angscht Virun Atomenergie Gëtt Eis AN Der Ëmwelt Eng Deier reagéiert, deen den 22. Oktober am Lëtzebuerger Wort verëffentlecht gouf.

Angscht Virun Atomenergie Gëtt Eis AN Der Ëmwelt Eng Deier

Säit dem Accident an der Atomzentral zu Fukushima gouf di allgemeng Angscht a Paranoia virun Atomenergie nëmme verstäerkt, zu Lëtzebuerg ganz besonnesch vis-à-vis vu Cattenom. Dobäi ass zu Fukushima d’Unzuel un Doudegen duerch Verstrahlung ganz genau 0[1], an Atomenergie am Allgemengen a kenger Hinsicht geféierlech. D’Angscht virun Nuklearenergie ass allerdéngs ee massiven Ëmweltschued deen eis vill Sue kascht.

En Lëtzebuergesch s’il vous plaît

D’Chamber-Petitioun N°698 déi streng Ufuerderungen un d’Réconnaissance vun der Lëtzebuerger Sprooch huet, krut iwwer 10.000 Ënnerschrëften online. D’Panikmaacherei ass awer net legitim: Lëtzebuergesch ass esou populär wéi nach ni, an am Verglach zu anere Länner ass eis Sproochesituatioun immens gutt. Dësen Artikel lauschteren

Déi beschte Betribsbesteierung ass 0%

Egal wéieng Problemer et bei der Sanéierung vu Staatsfinanze gëtt, d’Betribsbesteierung ass ëmmer eng reegelméisseg Diskussioun. Egal vu wéienger Säit, souguer vun där déi mengt dass se méi niddreg misst sinn, d’Täuschung vun der reeller Natur vun dëser Steier gëtt ëmmer vergiess: Betriber bezuelen ni Steieren. Dësen Artikel lauschteren

Brexit ass just eng nei Chance fir Groussbritannien

Den DP-Generalsekretär Marc Ruppert huet sech an engem rezente Blogpost mam Sujet Brexit an d’Konsequenzen dovun op europäesch Politik beschäftegt. Et géif no Referendumskultur feelen an d’Europäesch Unioun misst sech elo besënnen an aus Feeler léieren. Wat déi Feeler genau waren ass net erkläert, de Blogpost ass gutt ze vergläiche mat all politesche Statement deen an der leschter Woch […]

Ängschtlech a schrecklech oninforméiert

De Joël Adami vum lëtzebuerger Blog “Angscht a Schrecken” huet sech a sengem rezentesten Artikel iwwer de politesche Mouvement “déi Liberal” ausgelooss a gewisen dass hie vum Liberalismus net immens vill versteet. On lui pardonne, hien ass net eleng. E puer Erläuterungen dofir.

Sech iwwer RyanAir beschwéieren ass ee Luxus-Problem

Mat der Annonce dass d’Fluggesellschaft RyanAir ab dem éischte September vu Lëtzebuerg aus flitt, ass och Kritik un der Lowcost-Entreprise opkomm: niddreg Salairen, Konkurrenz fir d’Luxair, kee Grond bleift aus fir d’Stammdëschkommentarer op engem rationellen Niveau ze halen. Mee grad dass mir eis doriwwer beschwéiere kënne weist just wéi gutt et eis wierklech geet. Dësen Artikel lauschteren

There is no free lunch… or water

Um Chamber-Site gouf eng Pétitioun deposéiert fir Restaurant’en ze obligéiere Waasser fir näischt unzebidden. Als Konsument géif dat schlussendlech manner Präisstransparenz heeschen.

Ee Stéck Panama w.e.g.

D’Affaire PanamaPapers ass een Deel vun enger laanger Serie vu Revelatiounen zu Steierhannerzéiung. D’Grënn fir Steierhannerzéiung läit an ze héije Steieren an engem Beistereungsystem dee net méi kompetitiv ass. Panama, eng fréier Diktatur, huet sech iwwer niddreg Steiersätz een Numm gemaach. Lëtzebuerg dogéint probéiert ëmmer méi esou ze gi wéi de Rescht vun der Welt. Dësen Artikel […]

De Problem mat dësem ADR Communiqué a 5 Punkten

Neit Nationalitéitegesetz vun enger blo-rout-grénger Regierung? Do war de Communiqué vun der ADR net ze evitéieren. De Contenu vum Schreiwes vun der Chamber-Partei ass verréideresch, an ass besonnesch wichteg ze ënnersträiche well si net eleng mat där Meenung do stinn, a well de Sujet vun deem Gesetz deemnächst wäert méi wichteg am Land ginn.