Déi beschte Betribsbesteierung ass 0%

Egal wéieng Problemer et bei der Sanéierung vu Staatsfinanze gëtt, d’Betribsbesteierung ass ëmmer eng reegelméisseg Diskussioun. Egal vu wéienger Säit, souguer vun där déi mengt dass se méi niddreg misst sinn, d’Täuschung vun der reeller Natur vun dëser Steier gëtt ëmmer vergiess: Betriber bezuelen ni Steieren.

Dësen Artikel lauschteren

Betriber bezuelen ni Steiere well si keng Steiere bezuele kënnen. D’Bureausgebei, d’Material, de Plafong, d’Betribsgefierer, all dës Géigestänn kënne keng Steiere bezuelen. Et gëtt effektiv just dräi Acteuren an enger Entreprise déi Steiere bezuele kënnen: Clienteën, Salariéeën an d’Besëtzer vun der Entreprise.

Money, money, money... picture 217/365 Follow my project with CClones 365-2011 on Twitter | Facebook

Just well de Staat oder d’Gemengen et ënnerschiddlech nennen, sou mécht dat de Contribuabel keen aneren. Eng Tax op Rideauë géif net vum Rideau mee vum Besëtzer vum Rideau bezuelt ginn. Recherche am Beräich Steieren op Entreprisen huet gewisen dass ronn 57% vun der Betribssteier vun de Salariéeë bezuelt gëtt, de Rescht dovu gëtt op de Präis an deemno op d’Clientèle ofgewältzt. Hinzou kënnt dass déi staatlech Administratioun déi gebraucht gëtt fir déi verschiddentlech Steieren ze verwalten immens vill Geld kascht, wat och vum Contribuabel gedroe gëtt.

Steieren op Entreprisen si Steieren op d’Haushalter, och wann hire Numm et anescht klenge léisst. Lëtzebuerg kann een Zeeche setzen andeems mir d’Betribsbesteierung op deen eenzegen Taux setzen deen an deem Kontext Sënn mécht: 0%.


Dësen Artikel gouf de 07/07/2016 am Lëtzebuerger Journal verëffentlecht.

Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s