En Lëtzebuergesch s’il vous plaît

D’Chamber-Petitioun N°698 déi streng Ufuerderungen un d’Réconnaissance vun der Lëtzebuerger Sprooch huet, krut iwwer 10.000 Ënnerschrëften online. D’Panikmaacherei ass awer net legitim: Lëtzebuergesch ass esou populär wéi nach ni, an am Verglach zu anere Länner ass eis Sproochesituatioun immens gutt.

Dësen Artikel lauschteren

Et mierkt een dass de Summer keng lass war zu Lëtzebuerg. D’lescht Joer hat de Gaston Vogel eis mam Sujet Heescherten d’Summerlach gehollef e wéineg fëllen, mee dës kéier war et par contre e bësse latzeg. Ze latzeg fir Verschiddener, well elo ee gewëssene Lucien Welter (bësse wéi de Fred Keup vun NEE2015 virun annerhalwem Joer, deen huet och kee kannt) een ale Sujet ausgegruewen huet: D’Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch. Den Här Welter wëll dass d’Administratiounen op Lëtzebuergesch mat de Bierger kommunizéieren, dass Lëtzebuergesch méi an der Schoul enseignéiert gëtt an dass  esou schlussendlech jidderee klip a kloer versteet dass d’Haaptsprooch hei Lëtzebuergesch ass.

Wann een dat esou liest kritt ee richteg Angscht dass ab muer jidderee ronderëm ee Spuenesch schwätzt. Komm mir kucken eis emol un wat fir Changementer d’Lëtzebuerger Sprooch gesinn huet am Verglach zu der Zäit vun eise Grousselteren: an der Chamber gëtt Lëtzebuergesch geschwat, et gëtt esou vill lëtzebuergesch Bicher a Musek wéi nach ni, jo souguer meng eege Grousseltere schreiwe mer SMS’en op Lëtzebuergesch amplaz op Däitsch oder Franséisch. D’Lieserbréiwer an den Zeitunge souwéi Kommentaren a Messagen op Facebook, alles op Lëtzebuergesch, a fir d’Verbesserung gëtt et lëtzebuergesch Dictionnairen an och en Online Spellchecker. Vun Tëntefrups op Kéisécker bis op de Retour vun der “Schécks” an d’Jugendsprooch, nach ni gouf et esou eng positiv Obsessioun mat der lëtzebuergescher Sprooch.

8607084760_964ab2f55a_o

Mee em déi Saache geet et jo och net bei deene Petitiounen, an dat steet och an dëser Petitioun selwer. Wann een éierlech ass dann ass d’Logik kloer : D’Auslänner iwwerrennen eis. Jo, an 30 Joer hutt der nach ëmmer di selwecht onfrëndlech Franséisch Verkeeferin déi scho Joren zu Lëtzebuerg schafft a weder “Moien” nach “Äddi” geléiert huet. Nee, déi Situatioun léist een net andeems d’Chamberbliedchen (wat, si mer éierlech, souwéisou kee liest) iwwersetzt, an si ass och net léisbar. D’Generatiounen déi am Krich kee Franséisch hunn dierfe léieren si wäit ewech vun de Jonke vun haut. 80% vun de Studente ginn an d’Ausland op eng Uni an all Persoun déi eng Ausbildung mécht huet deeglech mat Däitsch, Franséisch an Englesch ze dinn. Lëtzebuerg war bis elo multilingual well vill Leit vill Sprooche geléiert hunn, muer si mer multilingual well mer all d’Sprooche liewen.

An dann eppes zu deem “1,2 Milliounen Awunnerstaat deen eist d’Liewe schwéier maache wäert”: Si mer eis eens dass mir eis am Verglach vun anere Länner immens einfach doen: Duerch d’Franséisch. D’Amerikaner hunn eng Spuenesch-schwätzend Migratioun oder d’Englänner eng Polnesch-schwätzend. Dës Länner erliewe Problemer an der Kommunikatioun déi mir eis schwéier virstelle kënnen, während mir eis duerch d’Franséich ëmmer verstännege kënnen. Dësen Dénominateur commun deen eis villäicht an der Schoulzäit vill Kappzerbrieches mécht, ass eng onvirstellbar Chance am Zesummeliewen an dësem Land.

D’Etude vum Lëtzebuergeschen an der Schoul ass een Zäitverloscht, an d’Iwwersetzen an den Administratiounen eng opwänneg Onnéidegkeet: Alle béid hu keen Afloss op de Gebrauch vun der Sprooch am Land. Soubal “Aktiviste fir d’lëtzebuerger Sprooch” erkennen dass ee Leit och net wäert dozou zwenge kënnen d’Sprooch ze léieren, da maachen se par force déi logesch Conclusioun: “Dann däerf een och kee méi era loossen”. Dier sidd net iwwerzeegt? Liest iech 5 Minutte laang Kommentaren um Internet duerch, dat geet usech duer.

Wien d’Lëtzebuerger Sprooch wëll ënnerstëtzen dee soll Leit am Alldag hëllefen se ze léieren, Wierker vu Lëtzebuerger Auteure kafen oder Don’en fir Projet’en wéi Spellchecker.lu maachen. Do leien d’Initiativen, net an der Kommentar-Sektioun vun RTL op Facebook.

Äddi a Merci.


Dësen Artikel gouf den 20/09/2016 am Lëtzebuerger Journal an den 28/09/2016 am Luxemburger Wort verëffentlecht.

Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s