Ee Stéck Panama w.e.g.

D’Affaire PanamaPapers ass een Deel vun enger laanger Serie vu Revelatiounen zu Steierhannerzéiung. D’Grënn fir Steierhannerzéiung läit an ze héije Steieren an engem Beistereungsystem dee net méi kompetitiv ass. Panama, eng fréier Diktatur, huet sech iwwer niddreg Steiersätz een Numm gemaach. Lëtzebuerg dogéint probéiert ëmmer méi esou ze gi wéi de Rescht vun der Welt.

Dësen Artikel lauschteren

Wann een an der Grondschoul oder am Lycée mat enger Datz heem komm ass (steigend Tendenz doran…), dann huet et ëmmer geheescht “wéi vill hunn déi aner da kritt, wéi kann et sinn dass du esou schlecht ofgeschnidden hues?“. Ech si wahrscheinlech net deen eenzegen deen sech déi eraus gepickt huet déi nach manner haten, opmannst bis hir Nimm am Elterenhaus bekannt waren. Mee et ass jo och iergendwou berouegend fir ee selwer dass et Leit ginn déi méi schlecht wéi een ofschneiden. Et ass dann net grad esou schlëmm, gelldir?

Lëtzebuerg ass esou ee Kand: Steet op eegene Féiss bei enger Reussite, houfreg iwwer den Erfolleg als klengen, onofhängege Staat, mee wann et d’TVA muss héijen dann ass et dach net esou schlëmm, well kuckt di aner Länner, déi hunn dach alleguer vill méi héich Prozenter.

5919716290_0fee65e5a4_o

Eng kleng Iwwersiicht iwwer déi “kriminell” Zoustänn deet am Kontext Guddes. Panama huet sech steiertechnesch als Land restrukturéiert. Den Akommessteiertarif läit zwësche 7% no deenen éischten 9.000$ a 27% ; Grondsteier op enger Valeur vun 30.000$ a manner ass 0, bis zu 2,1% vun enger Valeur iwwer 75.000$, woubäi déi éischt 5 bis 15 Joer fräi si fir déi betraffe Persounen, bis zu 20 Joer bei engem Neibau ; déi éischt 20 Joer fräi op Auslandsimport vu Materialien ; déi éischt 20 Joer fräi op allen Immobilië vun Entreprisen ; Fräibetrag fir all Ausgaben en relatioun mat Fluchhäfen an Häfen ; keng Ierfschaftssteier ; Steier op der Acquisitioun vun Terrain’en bei 2% (6% zu Lëtzebuerg) ; keng Kapitaldeckung ; keng Verméigenssteier ; Steieren op Dividendë si 5%-10% (15% zu Lëtzebuerg) ; Steieren op Ertrag bis zu 25% (29% zu Lëtzebuerg). [1]

An nee, Lëtzebuerg muss mat enger avantagéiser Steierpolitik och net den Ausnamefall an der Europäescher Unioun sinn (wann een dat iwwerhaapt kann als Argument gesinn déi eng oder aner Politik net ëmzesetzen). Bulgarien huet mat enger Eenheetssteier vun 10% op Revenue’en Steiererklärunge méi einfach gemaach an d’Steierakommes vum Staat erhéicht.

Och Lëtzebuerg kann elo mat radikale Reforme Steiere fir jiddereen drasteg méi niddreg setzen. An dat Wuert Steierparadäis wat dann nees opkomme géif soll dann och net ze beandrockend sinn. Ass een e Paradäis well een net am Defizit a Schold ënnergeet, keng katastrophal Chômage-Zuelen huet wéinst engem vum Staat iwwerreguléierte Marché huet, a net honnerte Milliounen op iwwerdeierten Infrastrukturprojet’en ausgëtt, well déi Sue bei de Bierger déi se verdéngt hu sinn, a net bei Politiker déi näischt dofir gemaach hunn? Wann dat d’Paradäis ass da liewen ech gär dran.


Dësen Artikel gouf den 06/05/2016 am Lëtzebuerger Journal  and den 07/05/2016 am Luxemburger Wort verëffentlecht.

[1] Fir méi Informatiounen zu den applicablen Steiersätz a Panama hei de Rapport vun Deloitte 2015

Pictures are Creative Commons and linked.

Thanks for liking and sharing !

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s