Ängschtlech a schrecklech oninforméiert

De Joël Adami vum lëtzebuerger Blog “Angscht a Schrecken” huet sech a sengem rezentesten Artikel iwwer de politesche Mouvement “déi Liberal” ausgelooss a gewisen dass hie vum Liberalismus net immens vill versteet. On lui pardonne, hien ass net eleng. E puer Erläuterungen dofir.

“Déi Liberal” ass ee lëtzebuerger Think Tank (an zufünfteg Partei?), dee fir individuell Fräiheet asteet. Dëse Mouvement steet fir klassesche Liberalismus, deen am Verglach zu deem wat vill Leit haut ënner Liberalismus verstinn ëmmer d’Fräiheet vum Mënsch an de Virdergrond stellt, wat d’Vertrauen an d’Potential vum Individuum mat sech bréngt an eng gesond Skepsis vis-à-vis vun der permanenter Interventioun vum Staat.

“Ee grousst Thema waren „Déi Liberal“. Dat ass sou eng politesch Sekt, déi mengt datt et sou mann Staat wéi méiglech sollt ginn. Also am Prinzip sinn dat Leit, déi einfach keng Stéiere wëlle bezuelen an der Meenung sinn, dat mam Sozialsystem géif da schonn iergendwéi klappen.”

Dass et an der liberaler Philosophie manifest Ënnerscheeder gëtt weess de Joël Adami genausou gutt wéi jiddereen dee sech och nëmmen e bësse mat politescher Philosophie beschäftegt huet. D’éisträichesch Schoul vun der Nationalökonomie, un där sech ‘déi Liberal’ orientéieren, verlaangt net nom Ofschafe vu Sozialsystemer (ganz dovun ofgesinn dass dat esou zimlech alles beschreiwe kann, vu que dass eise Sozialstaat immens grouss ass). De klassesche Liberalismus verdeedegt eng politesch pragmatesch Approche wann et zu der Reduktioun vum Staat kënnt, a seng philosophesch Basis ass, anescht wéi aner Forme vum Liberalismus, net am Fundament verankert dass een individuell Fräiheet sicht well een déi Fräiheet SELWER wëll. De Libertarismus an Amerika ass dogéint vill méi um Esprit vum Don’t Tread On Me inspiréiert, deen d’Fräiheet vu sech selwer als prioritär gesäit.

Dovun ofgesinn ass et offensichtlech dass de Sozialsystem och elo net klappt. De lëtzebuerger System hält sech duerch eng Croissance u Aarbechtsplazen a Revenue’en iwwer Waasser, mee wäert op laang Vue an de selwechte Problem vun eisen Nopeschlänner geroden: ee verschëlte System deen hannen a fir net opgeet an deen duerch d’Absence vun engem Modell deen op Kapitaliséierung berout onreforméierbar gëtt.

De Problem vu Leit wéi dem Joël Adami ass dass si net dorun interesséiert sinn op de System méi oder manner effizient ass, op Krankeversécherung méi oder manner deier an engem private System ass, si maachen een Argument vu Moral, an dat funktionéiert ëmmer an der Politik. Wie seet “iech sinn déi Aarm dach just egal“, deem kann ee mat Argumenter vun Effizienz net entgéint trieden.

“Do muss een sech scho Froe stellen. Zum Beispill, ob „Déi Liberal“ wierklech der Meenung sinn, datt een zum Beispill d‘Stroossebauen privatiséiere soll.”

De Stroossebau ass an där Hinsicht privat dass de BAU vu privaten Entreprisë gemaach gëtt nodeems de Staat en ausgeschriwwen huet. Fir eng Strooss ze baue brauch een de Staat definitiv net.

statist-roads

Mee d’Argument vun de Stroossen ass en effet een heefegt. Virun all Diskussioun muss een awer soen dass dat net d’Propositioun vun “déi Liberal” ass. Wann een d’deduktiv Logik uwennt dass jiddereen deen de Staat iergendwou reduzéiere wëll op dës Fro äntwerte muss, da kréie mer een nationalen Dialog iwwer Stroossebau.

Ech well d’Saach awer net lénks leie loossen. En effet gouf et Stroossen laang ier de Staat eng Akommessteier dirigéiert huet. De Stroossebau an Europa war entweder Gemengesaach oder eng Saach vun deene Leit déi eng Strooss bis bei hiren Terrain wollten. Mir dierfen eis net virmaache wéi wann zwëschen deene System grouss finanziell Ënnerscheeder wieren, et ass jo net esou wéi wann haut kee méi fir Stroosse bezilt. Gesponsert ginn dës Projet’en nach ëmmer nëmme vu Leit, changéiert huet just wien iwwert hier Suen decidéiert. D’Fro kënnt ultimement op Eegentumsrecht zeréck: Wiem gehéiert den Terrain a wie soll fir ee Service bezuelen deen hien an Usproch hëlt?

“Dat klengt wierklech no engem wonnerschéinen anarchokapitalistesche Paradäis, wou et jidderengem gutt geet. Also jidderengem, de Frick huet.”

Nees deen Amalgamm. Klassesch Liberal an Anarchokapitaliste kéinten an hirer Interpretatioun vun deem wat liberal ass net méi wäit vun eneen ewech sinn. Keng vun deene genannte Positioune gi vun engem klassesche Liberale vertrueden (opmannst net op engem zentralstaatleche Niveau, localism is key), och wann dat keen Argument géint si ass.

Eise Sozialsystem huet dausende vu Mënschen ofhängeg vun him gemaach, déi oft incapabel ginn sech virzestelle wéi se ouni Staat hier Studie finanzéiere sollen, verséchert wieren oder grondleeënd Servicer wéi d’Waasserversuergung hätten, während se vergiessen dass SI fir all déi Servicer selwer scho bezuelen. Anarchokapitalismus stellt déi méi grondleeënd Fro firwat een Individuum net kapabel wier all dës Servicer selwer ze assuréieren, vu que dass hien dat laang virun der Existenz vum moderne Staat scho gemaach huet; an donieft déi vill méi wichteg Fro op et moralesch vertrietbar ass fir vun engem ze huele fir deem Aneren ze gi, wann et dofir keen Anverstädnis gouf.

“Dat ass genee de Problem mam Liberalismus. Liberaler hunn sou een magescht Rezept fir alles: Manner Stéieren an manner Bürokratie.”

Ass dat esou wéi dat sozialistesch magescht Rezept an deem sech de Staat ëm alles këmmere muss? An ech haassen engem seng Rechtschreiwung ze korrigéieren, mee de Feeler “Steieren” an “Stéieren” (Verb) ze verwiesselen, ass witzeg a senger Ironie.

growingupstatist

“En plus huet d‘Asylprozedur iwwerhaapt näischt mat mam Aarbechtsmarché ze dinn. D‘Recht op Asyl ass dovunner ofhängeg, op een a senger Heemecht verfollegt gëtt oder net. A vu soss näischt. Wann een d‘Recht op Asyl vun ökonomesche Faktoren ofhängeg mécht, also just nach Mënschen ophëlt, déi nëtzlech fir de Staat sinn, ass een immens no um Faschismus, dee Leit an liewenswäert an net-liewenswäert andeelt.”

Ee Staat dee Flüchtlinge virtéischt ophëlt an hinnen da verbitt fir schaffen ze goen deen ass um Ursprong vun hirer Precaritéit. Flüchtlingen hei festzehalen an hinne keng Méiglechkeet ze ginn sech iwwer den Aarbechtsmarché ze integréieren ass onfair an onmënschlech. Wat de genannten 100,7 Beitrag ugeet, sou gouf et dozou eng Richtegstellung op Facebook.

Wann een awer elo effektiv iwwer Open Borders-Theorieë schwätzt da fënnt een am Liberalismus immens vill Ënnerscheeder. Ech si perséinlech der Meenung dass et keng moralesch Grondlag ka ginn eng Grenz ze erhalen, egal vu wou déi betraffe Persoun hierkënnt. Et muss een doran awer agestoen dass fräi Immigratioun als Problem de Sozialstaat huet, vu que dass d’eenzeg Konditioun ‘do ze sinn’ duergeet fir Sozialleeschtungen ze kréien, déi bei offener Immigratioun net erhalbar wieren. D’Fro ass hei einfach op de Sozialstaat endege muss duerch déi oppen Immigratioun oder op d’oppen Immigratioun de Sozialstaat wäert ofschafen. D’Ideeë ginn do auserneen, mee grondsätzlech si Liberaler keng Frënn vun arbiträre Grentzen wéi d’Staaten se molen.

Dem Joël Adami ass geroden ausser dem Kapital och nach aner Bicher ze liesen. Ech proposéiere mat La Loi vum Frédéric Bastiat unzefänken, duerno The Road To Serfdom vum Friedrich Hayek a villäicht och On Liberty vum John Stuart Mill. Alles léiert sech.

Liberal Gréiss.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s