Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 8. Oktober iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
D’Reegele fir d’Areesen an EU-Memberstaaten si vu Land zu Land anescht an ännere vun Dag zu Dag.
D’EU Staats- a Regierungscheffe konnte sech bis ewell nach net op e gemeinsamen Nenner eenegen.
Dës Woch huet de Conseilspresident Charles Michel dëse Sujet am Europaparlament zu Bréissel ugeschwat. Et wier Sputt no uewen, fir besser op EU-Niveau ze koordinéieren an et géif ee sech reegelméisseg gesinn, fir et ze verbesseren, esou de Rotspresident.
Bei Wierder bleift et allerdéngs. Bis ewell konnte sech d’Memberstaate net op gemeinsam Covid-19-Reesrestriktiounen eenegen. All Land huet aner Standarde fir ze testen an aner Reegele bei der Quarantän, wat zu Inkoherenzen a komplizéierte Reesinstruktioune féiert.
D’Lëtzebuerger Europadeputéiert Monica Semedo wunnt selwer op 100 Meter vun der Däitscher Grenz a seet, dass d’Leit veronséchert wieren. Et géif kee Sënn maachen, dass Leit missten eng Quarantän maachen, souguer wa se virdrun een negativen Test gemaach hätten.
Dass an Däitschland d’Reegele vu Bundesland zu Bundesland anescht wieren, wier och schonn immens problematesch, seet d’DP-Politikerin. Si huet dofir an enger parlamentarescher Fro un d’Europäesch Kommissioun nogefrot, ob Däitschland do net géint EU-Recht verstéisst.
Déi eenzeg Koordinatioun, déi et bis ewell op EU-Niveau gëtt, ass déi vun der Arees vu Leit aus net-EU Staaten. Do sinn am Moment just 10 Länner als Ausnamen op der Lëscht, dorënner Australien, Kanada, an och Japan.