Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert an ass de 7. September iwwerdroe ginn.
Zënter dem Mount Juli fannen a Bulgarien reegelméisseg Demonstratiounen géint d’Regierung statt. Dem Premierminister Boyko Borissov gëtt Korruptioun a d’Agräifen an d’Onofhängegkeet vun der Justiz virgeworf. D’Europäesch Unioun kritt vun der Säit vun den Demonstrante virgeworf dass si net reagéiere géing.
D’Bulgaren trauen hierer Regierung an hieren Institutioune net. D’Land um Schwaarze Mier ass reegelméisseg op der leschter Plaz vum Korruptiouns-Index vun Transparency International, deenen hier Recherchen och weisen dass 12% vu Bulgaren an deene leschten 12 Méint eng Persoun am ëffentlechen Déngsch bestach hunn.
Iwwer d’ganzt Land ewech sinn an deene leschte 60 Deeg 400.000 Leit op d’Strooss gaangen fir d’Demissioun vun der Regierung ze froen.
De Lëtzebuerger Europadeputéierte Charles Goerens seet dass de Changement am Land vun ënnen erop komme muss. Et wier un de Bulgare selwer « fir d’Kär aus dem Dréck ze zéie ».
Den DP-Politiker erkläert och dass d’Land an engem politeschen Zilkonflikt ass. De bulgaresche Präsident Ruman Radev wier éischter pro-Russland, während de Premierminister Boyko Borissov pro-EU wier. De Charles Goerens seet dass et net duergéing fir just eng pro-europäesch Attitude ze hunn, mee et misst een och d’Conditioune vun der Unioun anhalen.
An engem Interview mat Politico sot den Oppositiounspolitiker Hristo Ivanov dass wann d’Europäesch Unioun net hëlleft fir minimal Standard’en vum Etat de Droit a Bulgarien ze garantéieren, da géif hi sech froen woufir d’EU gutt wier.
De Charles Goerens betount dass d’Responsabilitéit zu engem Deel och zu Bréissel géing leien. Et wier ee Feeler dass den Europäesche Conseil sech net kéint op méi strikt Reegele fir seng eege Memberen eenege kéint.
De bulgaresche Premierminister huet momentan keng Intentiounen fir zréckzetrieden, a proposéiert fir d’Verfassung ze ännere fir « besser » politesch Institutiounen ze schafen.