Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 5. September iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Den Hëllefspak React-EU vun der Europäescher Unioun soll deene Leit an Entreprisen ënnert d’Äerm gräifen, déi duerch de Virus a Schwieregkeete komm sinn.
De Coronavirus dréit den Aarbechtsmaart a ganz Europa op d’Kopp.
React-EU ass Deel vum Covid-19-Hëllefspak “Next Generation EU”. Ënnert dem Stréch sinn de React-EU 55 Milliarden Euro nei Suen, déi an dräi verschidde Fonge fléissen: den europäeschen Developpementsfong, den europäesche Sozialfong an den europäesche Fong fir déi am stäerkste benodeelegt Persounen.
Dat kléngt natierlech alles e bëssen abstrakt, dofir erkläert d’Europadeputéiert Monica Semedo, déi an der Kommissioun fir Emploi am Europaparlament sëtzt, wéi dat an der Praxis fonctionéiert:
Wann ee Sozialaarbechter benodeelegte Jonken duerch eng Formatioun an der Informatik hëllefe wëll, da brauch dat Ressourcen. Do gëtt ee Computer, Software an ee Formateur gebraucht. React-EU géing an dësem Fall an deem vum Projet finanzéieren. De Rescht géing aus privater Hand oder vum jeeweilege Memberstaat kommen.
D’Entreprisë kriten och iwwer d’Finanzéierung vum Chômage partiel gehollef.
D’Finanzéierung vun dësem Fong selwer wier avantagéis fir Lëtzebuerg, esou d’Monica Semedo. De Premierminister Xavier Bettel hätt zousätzlech 100 Milliounen Euro negociéiert, déi et Lëtzebuerg erlabe géingen, méi ze investéieren ouni Staatsscholden opzehuelen.
Dozou muss een awer och wëssen, dass obwuel Lëtzebuerg fir dës Suen keng extra Scholden ophëlt, de Fong selwer iwwert een Emprunt vun der Europäescher Unioun selwer leeft, dee bis 2058 zréckbezuelt soll ginn.
De React-EU gëtt nach dëst Joer aktivéiert a leeft bis 2023.