Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 9. September iwwerdroen.
D’Europäesch Unioun huet virun der Kris vum COVID-19 eng nei industriell Strategie virgestallt, déi gläichzäiteg méi ekonomesch Sécherheet fir Entreprisen a méi ëmweltfrëndlech Mesuren ëmsetze wëll.
D’Europäesch Kommissioun wëll d’Eckpunkte vun den industrielle Problemer mat dëser Strategie uschwätzen.
De Lëtzebuerger Europadeputéierte Marc Angel muss déi politesch Säit e besonnesche Fokus op d’digital Transformatioun an op den Ëmweltfacteur leeën.
De “European Green Deal” wier wichteg, an et misst een der Industrie hëllefe wier d’Ëmweltziler ze erreechen. Dës Ëmweltambitiounen wieren eng Chance fir de Secteur, keng Gefor.
An der Kommissioun fir de Marché intérieur an de Konsumenteschutz am Europaparlament huet de Marc Angel de Rapport iwwert dës Strategie fir de sozialistesche Grupp geschriwwen. Et wier evident dass an Zäite vum COVID-19 och nei Erfarungen aus dëser Kris gezu ginn, an hie géing eng besonnesch Léier draus zéien.
Grenzschléissungen hätten am Ufank vun der Kris dofir gesuergt dass d’Liwwerketten net fonktionéiert hunn. Dowéinst hat ee jo op verschiddene Plazen eidel Supermarché’e gesinn. Dat weist fir de LSAP-Politiker dass Grenzschléissungen weiderhin dee falsche Wee wieren.
Nieft dësen Aspekter schwätzt d’Strategie vun der Europäescher Kommissioun och Konkurrenzpolitik un, dat heescht wéi kënnen Entreprisen aus dem net-EU Ausland innerhalb vun der EU Staatskontrakter kréien, a kann ee level-playing field geschaaft ginn duerch eng besser Kontroll vu Staatsubsiden. Entreprise sollen och gehollef kréien fir hier propriété intellectuelle, also hire geeschtlechen Eegentum, virun Déifstall ze schützen.
Méi Informatiounen: https://ec.europa.eu/commission/presscorner/detail/de/ip_20_416