[Reportage] Isabel Wiseler: Et gi Sanktioune fir de Wäissrussesche Regime gebraucht

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, a gouf de 15. August iwwerdroe.

No de Wahlen an dem Ufank vun den Demonstratiounen a Wäissrussland stellt sech d’Fro an der Europäescher Unioun wéi Bréissel reagéiere kann. Et ass international unerkannt dass bei der Wahl vum Präsident Lukashenko gefuddelt gouf.

Gëschter hunn d’EU-Ausseministeren iwwer Videokonferenz iwwer d’Situatioun a Wäissrussland beroden. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn seet dass de Wäissrussesche Präsident Lukashenko een Diktator ass; op där anerer Säit mengt den Ungareschen Ausseminister Szijjarto dass een d’Relatioun tëscht Minsk a Bréissel net verschlechtere soll.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler ass Member vun der Commission des affaires étrangères am Europaparlament, a seet dass d’EU solidaresch mat der Wäissrussescher Bevölkerung wier. Nief dësem moralesche Support misst d’EU och op Sanktioune setzen.

Mat esou Sanktioune kéint ee Bankkonten afréieren an Reeserlaabnisser refuséieren, esou d’CSV-Politikerin. Si seet dass esou laang wéi de Präsident Lukashenko um Rudder wier, si sech kee Rapprochement zwësche Wäissrussland an der EU an der NATO virstelle kann. An der Tëschtenzäit ass et méiglech dass d’Situatioun zu Eskalatioune mat Russland féiere kann.

Beim Video-Sommet gëschter Owend hunn d’EU-Aussministeren décidéiert dass d’Ausschaffe vu Sanktiounen fir de Regime zu Minsk direkt ufänken, an dass nei Conclusiounen bei engem neie Sommet Enn dës Mounts présentéiert wäerte ginn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s