[Reportage] Tilly Metz: “D’Plastiksteier ass eng politesch Unerkennung vum Problem”

Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, a gouf de 20. August iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Den 1. Januar d’nächst Joer leeft déi nei EU-Plastiksteier un. Dës soll den EU-Budget ënnerstëtzen a fir méi ökologesch Verpackunge suergen.

Déi nei Steier funktionéiert follgendermoossen: Op all Kilo Plastiksverpackungen, déi net recycléierbar sinn, hieft d’Europäesch Unioun 80 Cent op. All Memberstaat muss dee Montant u Bréissel ofginn. Esou soll d’Steier ënner anerem den EU-Budget ënnerstëtzen a Bréissel méi Onofhängegkeet vun de Memberstaate beschafen.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz schwätzt vun enger sënnvoller Moossnam fir den EU-Budget, deen am Moment net duergoe géing. Aktuell geet d’Europäesch Unioun Sue léinen, fir de Covid-19-Hëllefspak ze finanzéieren, mee wëll sech à long terme mat eegene Steiere finanzéieren. Et ass awer och esou, dass d’Memberstaate selwer keng nei Steiere mussen aféieren, fir hiren Deel un d’EU ofzeginn. An der Praxis heescht dat, dass et net kloer ass, ob net-recycléierbar Verpackungen duerch d’Plastiksteier och wierklech an all Land méi deier ginn. D’Tilly Metz nennt dëse Fait “net ideal”.Play VideoPlastiksteier / Rep. Bill Wirtz

D’Plastiksteier wier d’politesch Unerkennung vum Problem, esou déi Gréng Politikerin. Par contre wier déi iwwergräifend Gefor vum Plastik domat net ugepaakt, well déi just zesumme mat anere Mesure kéint geléist ginn, dorënner e Verbuet vu allen alldeegleche Plastiksgéigestänn, déi just eemol benotzt ginn. Länner, déi ofhängeg vun der Produktioun vum Plastik an Europa sinn, sollen och an hirer Transitioun vun der EU gehollef kréien, esou nach d’Tilly Metz. 17% vum Plastik weltwäit gëtt an Europa hiergestallt.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s