Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 12. August iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Vu Säite vun der Europäescher Unioun a vu Säit vu Groussbritannien gëtt sech op de Brexit preparéiert.
Bréissel a Westminster hunn nach bis Enn dës Joers Zäit, fir een Handelsaccord ze fannen, mee egal wéi gëtt mat engem wirtschaftleche Schock gerechent. Dofir ginn elo speziell Fongen ausgeschafft, déi deem sollen entgéintwierken.
355 Millioune Pond, also bal 400 Milliounen Euro gëtt déi brittesch Regierung aus, fir Entreprisen an Nordirland, un der Grenz mat der Irescher Republik, ënnert d’Äerm ze gräifen. Et gëtt domat gerechent, dass en Accord oder och d’Absence vun engem Accord mat der Europäescher Unioun zu neien administrativen Hürde wäert féieren.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen ass Rapporteur fir dësen Handelsaccord am Europaparlament. Hie seet, dass et eng gutt Saach ass, dass de brittesche Premierminister Boris Johnsen endlech agesi géing, dass de Brexit eng deier Affär géing ginn.
Een Deel dovu wier, fir déi bürokratesch Hürden, een aneren Deel wier technologesch Infrastruktur fir den Handel ze organiséieren. Do gëtt zum Beispill nei Infrastruktur gebraucht, fir dass d’TVA richteg bezuelt gëtt, nodeems Groussbritannien net méi am Marché intérieur wäert sinn.
Och den Europäesche Conseil huet elo proposéiert, fir 5,3 Milliarden Euro an ee spezielle Brexit-Fong ze leeën, déi deenen ze gutt komme soll, déi duerch de Brexit Pertë géinge maachen.
Bei deene 5,3 Milliarden misst allerdéngs elo nach gekuckt ginn, wéi déi op déi eenzel Memberstaate wäerten opgedeelt ginn, respektiv wéi Entreprisen, déi duerch de Brexit Schued wäerten hunn, un déi Fonge komme kënnen.
Alles géing elo dovun ofhänken, ob een Accord bis Enn dës Joers op d’Bee kënnt. Wat dës Hëllefen ugeet, wier een awer um gudde Wee, esou nach de Christophe Hansen.