[Reportage] Libanon: A wéi eng Richtung geet d’Land a wéi eng Roll soll d’EU do spillen?

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass dem 13. August iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Déi zeréckgetruede libanesesch Regierung huet mëttlerweil zouginn, dass d’Korruptioun hinnen iwwert de Kapp gewuess wier.

No der Rees vum franséische Präsident Macron op Beirut, an der Demissioun vun der libanesescher Regierung, stellt sech elo d’Fro a wéi eng Richtung d’Land geet, a wéi eng Roll d’Europäesch Unioun spille soll.

Déi libanesesch Regierung, déi elo zréckgetrueden ass, huet zouginn, dass d’Korruptioun hinnen iwwert de Kapp gewuess wier, an dass si d’Vertraue vun der Bevëlkerung verluer hätt. De Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens ass Member vum Comité fir Entwécklung am Europaparlament a seet, dass déi Regierung, déi elo zréckgetrueden ass, just eng vu ville war déi “d’Land op den Hond bruecht huet”.

Si wieren allerdéngs net eleng responsabel, esou den DP-Politiker, well Länner wéi Saudi-Arabien an den Iran permanent hiren Afloss vergréissert hätten. Déi Explosioun am Hafen zu Beirut wier net nëmmen eng immens Tragedie gewiescht, mä och eng “politesch Supperbomb”, déi elo dofir suergt, dass d’Bevëlkerung no engem demokrateschen a pluralistesche Staat freet.

EU-Hëllefe sollten net nëmmen d’Stroossen erëm an d’Rei maachen, mee d’Rechtsfähegkeet vum libanesesche Staat nees opbauen, sou de Charles Goerens.

Et wier gutt gewiescht, dass de franséische Präsident Macron direkt op der Plaz gewiescht wier, well wann net séier gehandelt géing ginn, da géing een am Libanon ze séier erëm an déi al Gewunnechten zréckfalen, esou nach den DP-Politiker.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s