[Reportage] “D’Zäit leeft eis fort”

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 10. Juni 2020 iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

De Brexit-Accord leeft lues a lues senger Deadline fir Enn des Joers entgéint.

De Lëtzebuerger Europadeputéierte Christophe Hansen ass mat fir bäi, fir bei dëse Verhandlungen op ee gréngen Nenner ze kommen.

U sech wieren d’Excusen do, fir net esou séier fäerdeg ze gi mam Brexit, wéi um Ufank geduecht: Eng global Pandemie, an elo och weltwäit Protestaktiounen, déi dacks zu Gewaltausbréch féieren. Den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen ass de Rapporteur fir dat geplangten Handelsofkommes mat Groussbritannien nom Brexit, an hie weess, dass d’Auer tickt.

Hien erënnert drun, dass den Accord bis den Hierscht stoe muss, well d’Europaparlament nach virum Ofschloss gréng Luucht muss ginn.

Westminster a Bréissel stiechen an enger Sakgaass, sou de Christophe Hansen, et misst een dofir elo openeen duergoen.

Et ass einfach duercherneen ze kommen an der Brexit-Diskussioun. Et gëtt ee grondsätzlechen Accord, mä bei der Definitioun an der Ëmsetzung, do kënnt de Sträit op.

Dat wier zum Beispill bei den Douane-Kontrollen op der Grenz tëscht Nordirland, wat zu Groussbritannien gehéiert, an der Republik Irland de Fall.

En anert Beispill wier de Sujet vum effektiven Handelsaccord, wou d’EU sech mat hire Reegele vum Marché intérieur wëll duerchsetzen. Fir Bréissel dierf et net esou sinn, dass zum Beispill sozial oder ekologesch Standarden duerch de Brexit ofgewäert ginn.

De Christophe Hansen seet awer, dass hien optimistesch géing bleiwen, dass trotz den Desaccorden, de brittesche Pragmatismus sech um Enn wäert duerchsetzen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s