[Reportage] Infektiounswell zu Ischgl : Charel Goerens wëll eng Enquête, déi Opklärung brénge soll

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 12. Juni iwwedroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Mindestens eng Doze Länner hätte ganz uerg ënnert dësem Feelverhale gelidden, well se vill méi héich Unzuelen un Infizéierten kritt hätten…

De Lëtzebuerger Europadeputéierte Charles Goerens mécht sech am Europaparlament zu Bréissel fir eng Enquête staark, déi kucke soll, wéi et konnt zu der grousser Infektiounswell vu COVID-19 zu Ischgl kommen.

De 4. Mäerz huet déi islännesch Regierung d’éisträichesch Autoritéite gewarnt : Et hätte sech eng Rëtsch Islänner zu Ischgl beim Après-Ski de Coronavirus geholl. Aus dem Bundesland Tirol koum awer keng Reaktioun – eréischt 9 Deeg méi spéit gouf d’Ski-Gebitt zougemaach. De Charles Goerens wëll elo duerch eng Enquêtëkommissioun erausfannen, ob de Feeler als “Schlamperei” kann op politesch Verantwortlech zerécktracéiert ginn. Fir den DP-Politiker ass de Verdikt kloer, dass déi lokal Autoritéiten hire Job net gemaach ginn.

Mindestens eng Dose Länner hätte ganz uerg ënnert dësem Feelverhale gelidden, well se vill méi héich Unzuelen un Infizéierte kritt hätten. An der éisträichescher Press gëtt der Regierung virgeworf, dass verschidden héich politesch Personalitéiten den Entreprisen, déi vu Ischgl profitéieren, ze no stéingen. Op et elo een Interessekonflikt géif, doriwwer wëll de Charles Goerens elo nach net spekuléieren.

Eng Enquête am Europaparlament wier éischter politesch… An Éisträich enquêtéiert de Parquet zu Innsbruck schonn um Sujet, fir strofrechtlech Responsabilitéiten ze etabléieren. D’Bundesland Tirol seet sech net verantwortlech fir den Ausbroch zu Ischgl.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s