Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 31. Mee iwwerdroen.
D’USA hunn ugekennegt dass si de sougenannten “Open Skies” Traité wëlle verloossen. Op internationalem Plang gëtt dës Décisioun kritiséiert, an et gëtt versicht de Präsident Trump vum Géigendeel ze iwwerzeegen.
Den “Open Skies” Traité ass am Joer 2002 a Kraaft getrueden, an huet 34 pays signataires, dorënner déi meescht Europäesch Länner, Russland, d’USA, a Kanada. De Vertrag erlaabt géigensäiteg militäresch Observatiounsflich. Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler, Member vum comité des affaires étrangères am Europaparlament, erkläert dass besonnesch Europäesch Länner mat enger Grenz zu Russland vill un dësem Traité läit.
Dass d’USA elo den Traité verloossen wier desastréis, esou d’CSV-Politikerin, well vill Länner keen Accès zu Satellite-Biller oder Observatiounsflich hunn, an déi Biller vun den USA kafe mussen.
An engem Statement sot den amerikanesche Staatssekretär Mike Pompei dass Russland sech net un d’Reegele gehalen hätt. Sou hätt Russland zum Beispill keng Observatiounsflich iwwer Kaliningrad an un der Grenz mat Georgien erlaabt. D’Isabel Wiseler plaidéiert fir Dialog. Si seet och nach dass d’Behuele vun den USA géing weisen dass Europa méi enk zesumme muss stoen, a seng Défense um Niveau vun der Europäescher Unioun organiséieren.